Remove ads
From Wikipedia, the free encyclopedia
Verwaltungskommissioun (Commission administrative) gouf zu Lëtzebuerg am Ufank vun der däitscher Besatzung am Zweete Weltkrich eng Kommissioun genannt, déi vun der Regierung agesat gouf, just ier se den 9. Mee 1940, op der Flucht virum däitschen Envahisseur, sech an dat alliéiert Ausland ofgesat hat. Si huet bis den 23. Dezember 1940 bestanen.
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Dës Kommissioun hat am Prinzip d'Aufgab, d'Lëtzebuerger Interesse virun den däitsche Besatzer ze vertrieden. An enger Resolutioun vun der Chamber vum 16. Mee 1940 krut dës Kommissioun e legale Kader a gouf "Regierungskommissioun" genannt[1].
No enger Entrevue, den 18. Mee 1940, mam Kommandant vun der Oberfeldkommandatur 520, dem Generol Otto Gullmann, huet den Albert Wehrer virgeschloen d'Kommissioun a "Verwaltungskommissioun" ëmzebenennen. Den 23. Mee 1940 huet d'Chamber duerch eng zweet Resolutioun dës Nummännerung virgeholl.[2]
Och d'Kompetenze vum "Ermächtegungsgesetz" vum 28. September 1938[3] an 29. August 1939[4], dat et der deemoleger Regierung erlaabt huet, wann néideg ouni e Vott an der Chamber Gesetzer z'erloossen, oder aussergewéinlech Budgetskreditter ze benotzen, goufen der Verwaltungskommissioun iwwerdroen.[5]
D'Memberen an hir Responsabilitéite waren:[6]
Den 23. Dezember 1940 gouf d'Verwaltungskommissioun vum däitsche Besatzer opgeléist.
Quell: Archiver vum Lycée Hubert-Clément, publizéiert vum Historiker Georges Buchler am tageblatt.lu.
Am Réckbléck gëtt déi kuerzlieweg Aarbecht vun der Verwaltungskommissioun méi kritesch analyséiert: Engersäits war et séier kloer, datt den däitschen Okkupant keen Intressi un enger eegener Lëtzebuerger Verwaltung hat an huet séier domat ugefaangen, seng eege Strukturen anzeféieren, an d'Verantwortungsposten zum Deel mat Leit aus Däitschland ze besetzen. Den 22. Oktober 1940 gouf den Albert Wehrer dann och ofgesat, agespaart an duerno an Däitschland deportéiert. De Gauleiter Gustav Simon soll bei der eenzeger Géigeniwwerstellung den Albert Wehrer ugebrëllt hunn: "Wir sind mit Schuchnigg fertig geworden, wir werden auch mit Ihnen fertig!".[12]
Op der anerer Säit huet d'Verwaltungskommissioun bis zum Schluss gemengt, si kéint Afloss op dem Gauleiter seng Politik huelen, woubäi s'awer ëmmer méi d'Ausféierungsorgan vun dëser gouf. Sou och bei der nazistescher Politik géint d'Judden, déi vum September 1940 un och am besate Lëtzebuerg ausgerullt gouf: Déi däitsch Zivilverwaltung huet d'Verwaltungskommissioun de 6. September 1940 ugestallt, jiddesch Schoulkanner z'identifizéieren an aus dem Unterrecht auszeschléissen.[13] D'Kommissioun huet dësen Uerder un d'Kreisleiter weiderginn, déi hirersäits d'Gemengen informéiert hunn. Jee no Gemeng oder Schoul goufe mat méi oder manner Fläiss méi oder manner prezis Lëschten zeréckgemellt.
Am November 1940 huet d'Verwaltungskommissioun, op eng Nofro vun der Zivilverwaltung hin, hir d'Zuel vun de polnesche Judde matzedeelen déi am Land géife wunnen, där net nëmmen d'Zuel, mä gläich d'Nimm, d'Virnimm an de Wunnuert vu 471 Leit geschéckt. Se huet nach houfreg ugemierkt, datt dës Lëscht "auf Grund der Namen und Vornamen der Interessenten aufgestellt [wurde], da die Anmeldungen eine Rubrik über Religion oder Rassenzugehörigkeit nicht enthalten." géifen. An dat obwuel se d'Méiglechkeet gehat hätt, dat, well et keng konkreet Donnéeë géif, negativ ze beäntweren.[14]
No der Publikatioun vun dësen Informatiounen, Enn 2012, an dem deemolege Premierminister Jean-Claude Juncker senger Ausso, et géif e "Flou" iwwer de Grad vu Kollaboratioun vun der Verwaltungskommissioun mat der Zivilverwaltung, huet d'Regierung der Uni Lëtzebuerg den Optrag ginn, déi Roll méi genee ënner d'Lupp ze huelen. De Vincent Artuso huet dee Rapport ausgeschafft an am Februar 2015 virgestallt. E kënnt zum Schluss, datt d'Verwaltungskommissioun an 3 Beräicher mat der däitscher antisemittescher Politik kollaboréiert huet: beim Identifizéiere vun de Judden, beim Expulséieren aus dem ëffentlechen Déngscht, de Fräiberuffer an dem Schoulwiesen an drëttens bei der Spoliatioun vun hirem Besëtz.[15],[16]
Den 9. Juni 2015 huet d'Chamber eestëmmeg eng Resolutioun ugeholl, an där se sech bei der jiddescher Communautéit fir d'Verhale vun Deeler vun de Lëtzebuerger Verwaltungen (dorënner d'Verwaltungskommissioun) virun a wärend dem Zweete Weltkrich entschëllegt huet. Dës Resolutioun huet sech op d'Conclusioune vum Artuso sengem Rapport gestäipt.[17] Och d'Regierung huet sech deenen Entschëllegungen ugeschloss.[18]
Text vun der Motioun, déi d'Chamber ugeholl huet[19]:
« La Chambre des députés,
1. reconnaît et déplore profondément les souffrances infligées à la communauté juive, à ses membres luxembourgeois et étrangers, durant l’occupation nazie du Luxembourg;
2. exprime ses excuses à la communauté juive, alors que du fait des actes fautifs commis, la responsabilité de l'autorité publique luxembourgeoise se trouve engagée;
3. rappelle l'importance de poursuivre les recherches historiques, notamment dans le but de perpétuer le devoir de mémoire pour éviter l'oubli de faits dramatiques et marquants de notre Histoire;
4. prend l'engagement solennel de faire tout son possible afin que de telles atrocités ne puissent se reproduire, de continuer à défendre avec vigueur les droits de l'homme et de lutter contre toute forme d'antisémitisme, de racisme et de xénophobie. »
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.