Den (21) Lutetia ass en Asteroid vun der Haaptasteroidenceinture, deen de 15. November 1852 vum Hermann Mayer Salomon Goldschmidt vu sengem Wunnengsbalkon aus entdeckt gouf. Den Numm Lutetia bezitt sech op de kelteschen Numm vu Paräis.

Séier Fakten Eegenschafte vum Orbit, Orbittyp ...
(21) Lutetia
Thumb
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Haaptceintureasteroid
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 2,436 A.E.
Exzentrizitéit 0,1629
Sideresch Ëmlafzäit 3 Joer 293 Deeg
Mëttel Bunnvitess 19,0 km/s
Inklinatioun 3,06 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 121 × 101 × 75 km
Mass ≈ 1,7 • 1018
Mëttel Dicht ≈ 3,4 g/cm3
Rotatiounsperiod 8 Stonnen 10 Minutte
Albedo 0,22
Absolut Hellegkeet 7,35
Spektralklass M
Entdeckung
Entdecker H.M.S. Goldschmidt
Entdeckungsdatum 15. November 1852
Plaz Paräisser Observatoire
Zoumaachen

De Lutetia war ee vun den éischten Asteroiden, déi als M-Typ-Asteroid klassifizéiert goufen. Allerdéngs huet de Lutetia eng fir en M-Typ-Asteroid ongewéinlech niddreg Radar-Albedo.

Raumsond Rosetta

Den 10. Juli 2010, 17:45 MESZ gouf den (21) Lutetia wärend der zweeter Passage vum Haaptasteroidenceinture vun der Raumsond Rosetta op engem Ofstand vun 3162 km mat enger Relativvitess vu 15 km/s passéiert[1]. Wärend dem Laanschtfluch war den (21) Lutetia 455 Millioune km vun der Äerd ewech souwéi 407 Millioune km vun der Sonn. Den 18.10 h gouf et eng Liveiwwerdroung vum Manöver am Kontrollzentrum ESOC vun der ESA zu Darmstadt. Éischt Biller vum Laanschtfluch louche géint 23 h vir. (21) Lutetia war domat de gréissten Asteroid, dee Besuch vun enger Weltraummissioun erhalen hat, bis déi Raumsond Dawn am Juli 2011 an en Orbit ëm déi däitlech gréisser (4) Vesta ageschwenkt hat.

Den Asteroid gouf souwuel mat der OSIRIS-Kamera, wéi och mat dem VIRTIS-Spektrometer ënnersicht. Zwou Stonne virun dem Rendez-vous hat d'Kamera mat fotograféieren ugefaangen. Och nom Passage goufen nach Biller opgeholl.

Resultater

Éischt Auswäertunge vun de Biller an der Nuecht vum 10. op den 11. Juli 2010 haten erginn, datt den (21) Lutetia risege Krateren huet, Graten an Äerdrutscher souwéi e puer honnert Meter grouss Fielsen, wat op eng zimmlech beweegt Geschicht hindeit[1].

Aspekter

Méi Informatiounen Stationär da réckleefeg, Oppositioun ...
Stationär
da réckleefeg
OppositiounOpposition
Distanz
Oppositioun
Hellegkeet
Stationär
da rechtleefeg
Konjunktioun
1. Februar 201421. Mäerz 20141,7644011,014. Mee 201410. August 2013
6. Juli 201513. August 20151,036319,322. September 201517. November 2014
21. November 201610. Januar 20171,7189410,81. Mäerz 201712. Mee 2016
Zoumaachen

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Referenzen

Wikiwand in your browser!

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.

Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.