![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/2/23/Canis_lupus.jpg/640px-Canis_lupus.jpg&w=640&q=50)
Wollef
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Wollef (Canis lupus) ass e Raubdéier vun der Gattung Canis, aus der Famill vun den Hënn (Canidae).
Wollef | |||||||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
![]() E Wollef | |||||||||||||||||
Systematik | |||||||||||||||||
| |||||||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||||
'Canis lupus' „Linnaeus“ 1758 |
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/2/2a/Gray_Wolf_Distribution.gif/640px-Gray_Wolf_Distribution.gif)
(gréng = aktuell, rout = fréier)
Wëllef ware fréier a ganz Europa verbreet, goufen awer a West- a Mëtteleuropa sou gutt wéi ausgerott.
Wëllef gläiche grondsätzlech engem groussen Haushond, just datt hiren Torso méi laang an d'Broscht méi héich ass. De Kapp ass relativ grouss, d'Stier breet, an d'Oueren éischter kuerz. De Schwanz ass buuschteg an ongeféier en Drëttel sou laang wéi de Kierper.[1] D'Faarf vum Pelz variéiert; et gëtt wäiss, crèmefaarweg, donkel, gielzeg, roudelzeg, gro a schwaarz Wëllef. An den temperéierte Klimazone vun Europa ass déi dominant Faarf gro, méi am Norde gëtt d'Proportioun vun de schwaarzen a wäisse méi grouss. De Bauch, d'Been an d'Maul si méi hell wéi de Rescht vum Kierper. Och Gréisst a Gewiicht ass no de Géigende verschidden: an de Bëschgéigende vu Lettland, Wäissrussland, Alaska a Kanada kënne se vu Kapp bis Hënner bis zu 160 cm a vum Buedem bis un d'Schëller 80 cm grouss a bis zu 80 kg schwéier ginn. Am Viischten Orient an op der arabescher Hallefinsel gi se just bis zu 80 cm laang a ronn 20 kg schwéier. Déi mëtteleuropäesch Wëllef leien tëscht deenen zwéin Extremer.
Et gëtt dräizéng lieweg an zwou ausgestuerwen Ënneraarten.
Déi normal Sozialuerdnung vun de Wëllef ass d'Ruddel. Dëst besteet an der Reegel aus enger Elterekoppel mat hirem Nowuess. Jonk Wëllef ginn eréischt mat zwee Joer geschlechtsräif a siche sech dann hiert eegent Revéier. Bis dohi këmmere se sech mat ëm hir jonk Gesëschter, déi dat Joer no hinne gebuer goufen. Wëllefsruddelen hunn all e fest Revéier, dat se, wann et muss sinn, vehement verdeedegen.
De Wëllef hiren Haaptkascht besteet aus Planzefrësser, déi s'am Ruddel joen. Jee no Géigend kënnen dat Elchen, Rendéieren a soss Hirschaarten, an an de Bierger Wëllschwäin, Wëllschof a Steebéck sinn. Dobäi komme méi kleng Mamendéiere wéi Huesen, Kanéngchen, Wullmais a Lemmingen, an, nobäi bei de Mënschen, och alt Schof, Kaalwer, Haushënn a -kazen. D'Wëllef friessen och Planze wéi Molbier, Rout Molbier, Schwaarzbier, Wëlluebst, Spackelter a Grieser.
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/f/f5/Howlsnow.jpg/640px-Howlsnow.jpg)