Wäissrussland
Land an Osteuropa / From Wikipedia, the free encyclopedia
Wäissrussland, och Belarus genannt (offiziell Republik Belarus), ass eng onofhängeg Republik an Osteuropa déi am Nordwesten u Litauen a Lettland, am Osten u Russland, am Süden un d'Ukrain an am Westen u Polen grenzt. D'Haaptstad ass Minsk.
00 | De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |
Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Рэспубліка Беларусь Respublika Belarus | |||||
| |||||
Offiziell Sprooch: | Wäissrussesch, Russesch | ||||
Haaptstad: | Minsk | ||||
Staatsform: | Republik | ||||
• President: | Aljaksandr Lukaschenka | ||||
Fläch: | 207.595 km² | ||||
Bevëlkerung: | 9.155.978 (1. Januar 2024) | ||||
• Bevëlkerungsdicht: | 47,3/km² | ||||
Onofhängegkeet: | vun der Sowjetunioun 25. August 1991 | ||||
Nationalfeierdag: | 3. Juli | ||||
Nationalhymn: | My, belarussy (Мы, беларусы) | ||||
Wärung: | Wäissrussesche Rubel (BYN) | ||||
Zäitzon: | UTC +3 | ||||
Internet TLD: | .by | ||||
Internationalen Telefonsprefix: |
+375 |
D'Sozialistesch Sowjetrepublik Wäissrussland huet de 27. Juli 1990 hir Souveränitéit deklaréiert an de 25. August 1991 d'Onofhängegkeet erkläert. Nodeem sech d'Sowjetunioun am Dezember 1991 opgeléist huet, ass Wäissrussland dunn och faktesch en onofhängege Staat ginn. Den Nationalfeierdag gëtt den 3. Juli, um „Dag vun der Republik“ resp. dem „Onofhängegkeetsdag“ gefeiert[1][2].
Den Aljaksandr Lukaschenka, dee schonn zanter 1994 President ass, huet mat sengem autoritaire Regierungstil d'Land am Laf vun der Zäit ëmmer méi an d'international Isolatioun gefouert. Massiv Kritik[3] un de sëllege Mënscherechtsverletzungen an de Virworf Walen ze manipuléiere komme virop aus dem Westen, der EU an dem Europarot, den USA a vun netstaatlechen Organisatioune wéi Amnesty International.[4] Zanter dem 10. Abrëll 2006 däerf de Lukaschenka kee Fouss méi an d'Europäesch Unioun setzen.[5]
D'Verhältnes zu anere fréiere Sowjetrepubliken ass méi ambivalent. Mä och de Versteesdemech mam Noper Russland ass zanter den energiepoliteschen Differenze vun 2007 ferm strapazéiert.