Mamendéieren
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Mamendéieren (Mammalia) sinn eng Klass aus dem Ënnerstamm vun de Wierbeldéieren (Vertebrata). Op Däitsch gi se Säugetiere an op Franséisch mammifères genannt.
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Mamendéieren | |||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Verschidde Mamendéieren | |||||||||
Systematik | |||||||||
| |||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||
Mammalia Linné, 1758 | |||||||||
Ënnerklassen | |||||||||
Urmamendéieren |
D'Mamendéieren hunn dat gréisst Déier, de Blowal, an dat geféierlechst Déier, de Mënsch, déi jeemools op der Äerd gelieft hunn, ervirbruecht. Mat Hëllef vu senger Intelligenz huet de Mënsch et fäerdeg bruecht de Planéit fir seng Zwecker ëmzekrämpelen an d'Ausstierwe vun aneren Déierenaarten ausgeléist, déi der Katastroph vu viru 65 Millioune Joer, um Enn vun der Dinosaurierära, gläicht.
D'Mamendéiere sinn net déi aarteräichst Grupp ënner de Wierbeldéieren, mä si dominéieren d'Äerd awer duerch hir Gréisst an duerch aner kierperlech Kennzeechen, déi se vun all deenen anere Liewewiesen däitlech ënnerscheeden.