Venus (Planéit)
zweete Planéit vum Sonnesystem / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Venus (planetaresch Symbol: ) ass den Nopeschplanéit vun eiser Äerd a vun der Sonn aus gesinn, nom Merkur den zweete Planéit an eisem Sonnesystem. D'Venus huet, genee wéi de Merkur, kee Mound. Si ëmkreest d'Sonn op enger Distanz vun 0,7 Astronomeschen Eenheeten an ass nëmmen e bëssche méi kleng wéi eis Äerd. Geneesou sinn d'Mëtteldicht an d'Gravitatioun op der Venus bal d'selwecht wéi dé vun der Äerd. Dofir gëtt d'Venus gär als Schwësterplanéit vun der Äerd bezeechent.
Eegenschafte vum Orbit (Epoch J2000.0) | |
---|---|
Grouss Hallefachs | 0.723 |
Exzentrizitéit | 0,0068 |
Perihel | 0,718 |
Aphel | 0,728 |
Bunnschréi | 3,395 Grad |
Ëmlafdauer | 224,701 d |
Oppositiounsintervall | 583,92 d |
Ëmlafvitess | 35,02 km/s |
Klengsten Ofstand zur Äerd | 0,256 AE |
Gréissten Ofstand zur Äerd | 1,744 AE |
Physikalesch Eegenschaften | |
Equatorduerchmiesser | 12.103,6 |
Polduerchmiesser | 12.103,6 |
Mass | 4,869 • 1024 |
Dicht | 5,243 |
Fluchtvitesse | 10,36 |
Rotatiounsperiod | 243 d 27 min |
Achseschréi | 177,36 |
Albedo | 0,65 |
Maximal Visuell Hellegkeet | −4,6 mag |
Drock | 92 |
Temperatur | 710 K (+437 °C) 737 K (+464 °C) 770 K (+497 °C) |
Kuelendioxid | 96,5 % |
Stéckstoff | 3,5 % |
Schwiefeldioxid | 0,015 % |
D'Venus huet eng duerchschnëttlech Distanz vun 108 Millioune Kilometer zu eiser Sonn an ass mat engem Duerchmiesser vun zirka 12.100 Kilometer den drëttklengste Planéit am Sonnesystem. Si zielt zu de véier Äerdänleche Planéiten, déi och terrestresch oder Gestengsplanéite genannt ginn. D'Venus ass dee Planéit, deen op senger Ëmlafbunn der Äerdbunn mat engem minimalen Ofstand vun 38 Millioune Kilometer am nooste kënnt.
D'Venus brauch knapps 225 Äerd-Deeg fir en Ëmlaf ëm d'Sonn a rotéiert an 243 Deeg retrograd ëm hir eegen Achs. Se huet genee wéi d'Äerd eng Atmosphär. Allerdéngs sinn déi physikalesch a cheemesch Eckdate vun der Venusatmosphär ganz verschidde vun deene vun der Äerd. Zum Beispiel ass d'Venusatmosphär sou dicht, datt kee siichtbaart Liicht derduerch geet an et dofir onméiglech ass, e Bléck op d'Uewerfläch ze werfen. D'russesch Venera-Sond ass op der Venus gelant, an huet do e puer Biller vun enger dréchener, stengeger a rouder Uewerfläch gemaach. D'Magellan-Sond huet d'Uewerfläch mat Radarstralen ofgetaascht an och kartéiert. Radarstralen kënnen duerch d'Atmosphär dréngen.
D'Venusuewerfläch ass zimmlech liewensfeindlech. Den héijen Atmosphärendrock erreecht 90 Bar. D'Temperature leien, änlech wéi beim Merkur, bei 470 °C. De ville Kuelendioxid an der Atmosphär suergt fir e kräftegen Zäreneffekt, deen d'Temperaturen esouwäit erop dreift.
Iwwer d'"Geologie" vun der Venus gëtt nach hefteg gestridden. Verschidden Astronome mengen Unzeeche fir aktive Vulkanismus fonnt ze hunn.
Op de Kartéierunge fënnt ee grouss Basengen, déi eisen Ozeane gläichen, awer ouni Waasser. Weider fënnt ee grouss verspreet Bierger a Verwerfungen, wéi se typesch fir ierdesch Plackentektonik sinn. Et ass ee sech allerdéngs eens, datt déi plackentektonesch Aktivitéiten op der Venus scho virun 500-1000 Millioune Joer waren.
Nom Äerdmound ass si den hellsten natierlechen Objet an der Schummerecht an um Nuetsstärenhimmel. Well d'Venus als ee vun den ënneschte Planéite mueres oder owes am beschten ze gesinn ass an ni géint Hallefnuecht, gëtt si och Mueresstär an Owesstär genannt. Si ass och um Daghimmel ze gesinn, deels mat klengen Teleskopen, deels och mat bloussem A.
D'astronomescht Symbol vum Planéit Venus ass eng stiliséiert Representatioun vum Handspigel vun der réimescher Gëttin vun der Léift Venus: ♀.