From Wikipedia, the free encyclopedia
Déi Grouss Synagog an der Stad Lëtzebuerg ass eng Synagog, déi 1953 ageweit gouf.
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Lëtzebuerg |
Strooss | Avenue Monterey |
Koordinaten | 49°36'34,99"N, 6°7'17,97"O |
Architekt(en) | Victor Engels, René Mailliet, Frantz Kinnen |
Datum vum Bau | 1953 |
Déi éischt Synagog an der Stad Lëtzebuerg stoung an der deemoleger rue du Petit-Séminaire (haut rue de la Congrégation)[1] a gouf 1823 ageweit. De Samuel Hirsch gouf do 1843 zum Groussrabbiner ernannt. 1891 gouf se un d'Congrégation de Notre-Dame verkaaft[2]. Op dëser Plaz steet zanter dem 17. Juni 2018 d'Kaddisch Monument.
1894 gouf déi grouss Synagog um Eck Aldringerstrooss an Ënneschtgaass[3] ageweit. D'Pläng ware vum däitschen Architekt Ludwig Levy, an de Charles Arendt huet de Chantier geleet. D'Synagog gouf am mauresche Stil vun der Synagog vu Florenz gebaut. Si hat 300 Plazen, dovun 150 fir Männer, 120 fir Fraen an 30 fir de Chouer an d'Schoulkanner. D'Gebai gouf den 28[4]. September vum Groussrabbiner Dr Isaac Blumenstein[4] a Presenz vu Membere vun der Regierung an dem Stater Gemengerot ageweit. Am Mee 1941 gouf se vun der Gestapo zougemaach, profanéiert an duerno ofgerappt, wat bis an den Hierscht 1943 era gedauert huet[5], well e Schwieregkeete gouf fir eng Firma ze fannen, déi gewëllt war sech dëser Aarbecht unzehuelen[4].
Den 23. November 1988, ronn 50 Joer no den Novemberpogrome vun 1938 an Däitschland (vun den Nazi Reichskristallnacht genannt), gouf um neie Gebai, op der Fassad an der Ënneschtgaass, eng Plack zur Erënnerung un déi fréier Synagog ubruecht[6]. Op den Dag genee 80 Joer no der Reichskristallnacht gouf den 9. November 2018 eng weider Gedenkplack, un der Fassad ubruecht[7],[8],[9]. Den Text op dëser Plack seet: „No enger Aggressioun géint déi Gleeweg am Gottesdéngscht vum Freideg Owend, 9. Mee 1941, huet den Nazi-Okkupant d'Demolitioun vun der Synagog ordonéiert, ënnert dem Virwand, jiddesch Gottesdéngschter wieren eng Gefor fir d'ëffentlech Uerdnung“[10].
D'Pläng vun der drëtter Synagog goufe vun den Architekte Victor Engels a René Mailliet ausgeschafft.
Den 12. Juni 1951 gouf de Grondstee vum Gebai an der Monterey-Avenue geluecht.
D'Synagog gouf den 28. Juni 1953 vum Groussrabbiner Charles Lehrmann a Presenz vum Ierfgroussherzog Jean ageweit.
Uewen op der Fassad an der Avenue steet, op Hebräesch, e Sproch vum Prophéit Haggai (fr: Aggée) (hei iwwersat): De Ruhm vun dësem Haus (Tempel) wäert méi grouss si wéi dee vum éischten, huet den Éiwege Cebaoth gesot, an ech wäert doran de Fridden etabléieren[11].
D'Fënstere vun der Synagog si vum Frantz Kinnen.
Sonndes, den 13. September 2009 gouf eng nei handgeschriwwen Torarull, Sefer Torah, an der Synagog feierlech ageweit. Dës Initiativ gouf gedroe vun der Organisatioun Chabad Lubavitch du Luxembourg an Zesummenaarbecht mam israelitesche Consistoire[12].
Commons: Synagog Stad Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.