Groussrabbiner vu Lëtzebuerg an Auteur From Wikipedia, the free encyclopedia
De Charles Cuno Lehrmann, gebuer de 15. Juni 1905 zu Strzyzow[1] (deemools Éisträich-Ungarn), gestuerwen de 6. September 1977 an der Stad Lëtzebuerg,[2] war e Rabbiner an Auteur.
Charles Lehrmann | |
---|---|
Gebuer | 15. Juni 1905 |
Gestuerwen |
6. September 1977 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Romanist, Literaturwëssenschaftler, Rabbiner |
Hien huet zu Würzburg, Berlin a Lausanne Philosophie a rabbinesch Studie studéiert a mat engem Doktorat ofgeschloss.
Wéi d'Nationalsozialiste bis an Däitschland un der Muecht waren, ass de Lehrmann an d'Schwäiz gaangen, wou en op der Universitéit geléiert huet. An där Zäit huet hien ë. a. Wierker wéi Bergsonisme et judaïsme, L'élément juif dans la pensée européenne, L'élément juif dans la littérature française oder och e Buch iwwer den Heinrich Heine geschriwwen.
Duerno gouf hie Rabbiner zu Roum, an de Vereenegte Staaten an zu Fribourg.
Vun 1950 bis 1958 war hie Groussrabbiner vu Lëtzebuerg. Duerno gouf hie Rabbiner zu Berlin a blouf dat bis zu senger Pensioun.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.