Lëtzebuergesche Moler an Architekt From Wikipedia, the free encyclopedia
De Sosthène Weis, gebuer den 29. Januar 1872 zu Mäerzeg, a gestuerwen den 28. Juli 1941 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergesche Moler an Architekt.
Sosthène Weis | |
---|---|
Gebuer |
29. Januar 1872 Mäerzeg |
Gestuerwen |
28. Juli 1941 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun |
Stater Kolléisch, Technesch Universitéit München |
Aktivitéit | Moler, Architekt |
Hien ass als romantesche Postimpressionist bekannt a war e Meeschter an der Aquarell-Technik an huet sech ausgezeechent duerch seng frësch Faarwe voller Variatioun, Faarwen, déi een dreeme loossen. Seng meescht Biller huet hien tëscht 1915 an 1941 gemoolt. Seng léifst Sujete waren d'Stad Lëtzebuerg an hir Faubourgen. Et gëtt geschat datt hien eng gutt 5.000 Biller gemoolt huet.
Hie war de Jong vum François Weis, deen eng Gierwerei mat Seeërei bedriwwen huet. No senger Première am Stater Kolléisch, wou deemools de Michel Engels enseignéiert huet, huet hien um Polytechnikum zu Oochen Bauingenieur studéiert[2] an zougläich an Architekturcourse gaangen, déi hie spéider zu München ofgeschloss huet. Zu München huet hien e puer Joer beim Architekt Hans Grässel (*1860 †1939) geschafft.
Zeréck zu Lëtzebuerg gouf hien 1905 Staatsarchitekt genannt. Vun 1920 un huet hie fir d'Arbed geschafft, wou e sech haaptsächlech ëm de Bau vu Sozialwunnenge gekëmmert huet.
1902 huet hie sech mat der Marie Pütz bestuet, si kruten dräi Kanner
Eng Auswiel vu sengen Aquarelle sinn an der Ofdeelung fir modern Molerei am Nationalmusée fir Geschicht a Konscht ëffentlech zougänglech.
Commons: Sosthène Weis – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.