Sojus MS-01 ass d'Missiounsbezeechnung fir e Fluch vum russesche Raumschëff Sojus op d'International Raumstatioun. Am Kader vum ISS-Programm dréit de Fluch d'Bezeechnung ISS AF-47S. Et ass de 47. Fluch vun engem Sojus-Raumschëff op d'ISS an den 153. am Sojusprogramm.

Sojus MS-01
RaumschëffSojus 7K-MS
Seriennummer 731
Mass ?
DrorakéitSojus FG
Crew3
Start7. Juli 2016, 01:36, 20:20 UTC
StartplazBaikonur LC-1
StatiounISS
Station UndockmodulRasswet
Ukopplung9. Juli 2016, 04:06 UTC
Ofkopplung30. Oktober 2016, 04:06 UTC
Statiounsdauer112d 20h 29min
Landung30. Oktober 2016 03:59 UTC
Landeplaz148 km SO vun Scheskasgan, Kasachstan
Dauer115d 02h 22min
Orbit1811
Bunnschréi51,65°
Apogeum - Perigeum247 - 199
Thumb
D'Kathleen Rubins, den Anatoli Iwanischin an den Takuya Ōnishi

Crew

Haaptcrew

  • Anatoli Alexejewitsch Iwanischin (2. Raumfluch), Kommandant (Russland/Roskosmos)
  • Takuya Ōnishi (1. Raumfluch), Bordingenieur (Japan/JAXA)
  • Kathleen Hallisey Rubins (1. Raumfluch), Bordingenieurin (USA/NASA)

Ersatzcrew

  • Oleg Wiktorowitsch Nowizki (2. Raumfluch), Kommandant (Russland/Roskosmos)
  • Thomas Pesquet (1. Raumfluch), Bordingenieur (Frankräich/ESA)
  • Peggy Annette Whitson (3. Raumfluch), Bordingenieurin (USA/NASA)

Missiounsbeschreiwung

D'Missioun bréngt dräi Crewmembere vun der ISS-Expeditioun 48 a 49 op d'International Raumstatioun.

Dat weiderentwéckelt Sojus-MS-Raumschëff koum fir d'éischt an den Asaz. Et ënnerscheet sech vun der fréierer Versioun ënner anerem duerch dat neit Kopplungssystem Kurs-NA.[1] Fir dat neit System ze testen, dauert de Rendez-vous mat der ISS zwéin Deeg, amplaz vu fréier sechs Stonnen. Dat gouf och bei de Missiounen duerno widerholl.

D'Undocke war den 30. Oktober 2016 um 0:35 UTC, domat gouf op der Statioun d'ISS-Expeditioun 50 mam Shane Kimbrough als Kommandant ugefaangen. D'Landung war de selwechten Dag um 3:59 UTC 148 km südëstlech vun Scheskasgan an der kasachescher Stepp.

Thumb
De Rollout vun der Rakéit de 4. Juli 2016
Thumb
D'Raumschëff kënnt der ISS entgéint (9. Juli)
Thumb
D'Raumschëff um Rasswet gekoppelt den 10. Juli

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Commons: Sojus MS – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. FliegerRevue Abrëll 2014, S. 9, Modern Sojus a Progress-Kapselen

Wikiwand in your browser!

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.

Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.