Sidney Bechet
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Sidney Bechet, gebuer de 14. Mee 1897 zu New Orleans a gestuerwen de 14. Mee 1959 zu Garches, war e kreolesche Sopransaxophonist a Klarinettist.
Sidney Bechet | |
---|---|
Gebuertsnumm | Sidney Joseph Bechet |
Pseudonym | Pops King |
Gebuer |
14. Mee 1897 New Orleans |
Gestuerwen |
14. Mee 1959 Garches |
Doudesursaach | Longekriibs |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Komponist, Klarinettist, Saxophonist, Jazzmuseker |
De Sidney Bechet war nieft dem Jelly Roll Morton an dem Louis Armstrong dee wichtegste Solist vun de fréie Jore vum Jazz, besonnesch dem New Orleans Jazz. Als Klarinettist a Saxophonist gouf e Virbild fir vill aner Jazzmuseker, zum Beispiell den Johnny Hodges, de Buster Bailey an den Jimmy Noone. Hie war virun allem a Frankräich populär, well en do manner dem alldeegleche Rassismus ausgesat war, wéi an den USA.
Besonnesch nom Zweete Weltkrich huet d'Paräisser Jugend, bei där den Existenzialismus grad en vogue war, hien als le dieu veréiert. Mat Stécker wéi Petite fleur oder Dans la rue d'Antibes gouf hien och beim grousse Public bekannt.
Am Januar 1957 ass hien am Hotel Sporting zu Lëtzebuerg mat dem franséischen Orchester André Reweliotty opgetrueden.[1]