Saxophon
Museksinstrument / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Saxophon ass e Museksinstrument aus Messeng. De Rouer ass konesch, a gëtt géint d'Enn méi weit. Dat ass de gréissten Ënnerscheed mat änlechen Instrumenter wéi z. B. der Klarinett. Anescht, wéi ee vu sengem metallesche Kierper hier kéint mengen, gehéiert de Saxophon zu den Holzblosinstrumenter, well säin Toun mat Hëllef vun engem hëlzene Rouerblat produzéiert gett.
Saxophon | |
---|---|
En Altsaxophon | |
Klassifikatioun | Aerophon Holzblosinstrument |
Tounëmfank | |
Änlech Instrumenter | Klarinett |
Museker | |
Kategorie:Saxophonisten |
D'Instrument gouf als "Saxophon" vum Belsch Adolphe Sax 1840 erfonnt an den 21. Mäerz 1846 a Frankräich patentéiert. De Sax hat d'Instrument fir de sinfoneschen Orchester konzipéiert, wou en eng Klangfaarf tëscht dem Hautbois an der Klarinett vermësst hat.
Bekannt a populär gouf de Saxophon awer eréischt en ettlech Joerzéngten no senger Erfindung mam Jazz, wéinst sengem variabele Klang a senger grousser Dynamik. Et gëtt Saxophoner a verschiddenen Tounlagen, vu Kontrabass- iwwer Bass-, Bariton-, Tenor-, Alt-, a Sopran- bis zu Sopranino-Saxophon.