From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques, d'Nofollgerin vun der Société des sciences naturelles, ass eng vun de Sektioune vum Institut grand-ducal.
D'Sektioun besteet 2010 aus ronn 200 Memberen, dovun 31 membres effectifs, ronn 140 membres correspondants a ronn 30 membres d'honneur.[1]
D'Sektioun gëtt an onreegelméissegen Ofstänn eng wëssenschaftlech Zäitschrëft mat originelle Fuerschungsaarbechten eraus, dat ënner dem Titel Archives des Sciences Naturelles, Physiques et Mathématiques (sic fir d'Schreifweis). Déi zwéi lescht Bänn sinn 2002 an 2010 erauskomm. (Bis 2002 war den Titel: Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, section des sciences naturelles, physiques et mathématiques).[2].
D'Sektioun organiséiert all Joer ee bis zwéi Konferenzzyklen, dovun zanter 1996 en Zyklus mam Titel Les chercheurs luxembourgeois à l'étranger.
2010 huet d'Sektioun hiren éischte wëssenschaftleche Präis (Grand Prix) verginn.
Et ass virgesinn dëse Präis am Turnus an de Beräicher vun der Physik (2010, Prix Paul Wurth), der Mathematik (2011, Prix de la Bourse de Luxembourg), der Geologie (2012, Prix Feidt), der Biologie (2013, Prix Cactus) an der Chimie (2014, Prix Christiane Widung-Metz et section des sciences) ze verginn. De Präis geet u Wëssenschtler déi zu Lëtzebuerg gebuer sinn oder zu Lëtzebuerg schaffen. De Präisdréier gëtt vun enger internationaler Jury erausgesicht.
Den éischte Präis gouf offiziell den 21. November 2010 dem Physiker Jean-Pierre Hansen iwwerreecht.[3]
D'Société des sciences naturelles ass duerch Arrété royal grand-ducal vum 3. Dezember 1850 offiziell gegrënnt ginn. Hire President gouf de Jean Boch-Buschmann (1782-1856).
D'Société des sciences naturelles ass 1868 d'Section des sciences naturelles et mathématiques vum deemools nei gegrënnten Institut royal grand-ducal, deem haitegen Institut grand-ducal ginn.
Den Numm vun der Section des sciences naturelles et mathématiques gouf op Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques geännert. Den neien Numm steet zanter 1906 op de Publikatiounen.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.