lëtzebuergesche Wëssenschaftler a Foussballspiller From Wikipedia, the free encyclopedia
De Nicolas Camille Robert (Bob) Stumper (ausgeschwat: Stümper[1]), gebuer den 21. Januar 1895 zu Gréiwemaacher, a gestuerwen de 15. Abrëll 1977 an der Stad Lëtzebuerg,[2] war e lëtzebuergesche Cheemiker, Zoolog an Naturwëssenschaftler. De Stumper war Employé op der ARBED. Am Jugendalter war hien och als Foussballspiller bekannt.
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Robert Stumper | |
---|---|
Gebuer |
21. Januar 1895 Gréiwemaacher |
Gestuerwen |
15. Abrëll 1977 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Foussballspiller, Cheemiker, Myrmekolog |
Famill | |
Papp | Jean Pierre Stumper |
Geschwëster | Oscar Stumper |
Am Zweete Weltkrich ass de Robert Stumper vum 5. November 1941 bis den 10. Mäerz 1942[3] vun den Däitschen zu Hinzert internéiert ginn.[4]
1945 gouf hien an d'Assemblée consultative genannt.[5],[6]
International gouf hie bekannt duerch seng wëssenschaftlech Seechomesse-Fuerschungsaarbechten. No him gouf eng nei entdeckten Aart benannt: Epimyrma stumperi Kutter, 1950.
De Robert Stumper war vun 1933 u President vum Daachverband vun de Volleksbildungsveräiner (Associations pour l'éducation populaire) zu Lëtzebuerg. Hie war President vum Comité d'action fir d'Monument zu Éiere vum Moler Joseph Kutter am Park an der Stad Lëtzebuerg am Joer 1969.
Vun 1963 bis 1975 war hie President vun der Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques vum Institut grand-ducal.
De Robert Stumper war als Golkipp am Kader vun der Lëtzebuerger Foussball-Nationalekipp vun 1911 u bis 1916, a stoung den 20. Abrëll 1913 am Lännermatch géint Frankräich am Gol.[7],[8],[9]
De Robert Stumper huet sech de 25. Mee 1926 mat der Marthe Anne Henriette Mersch bestuet. Si war de 14. Abrëll 1901 gebuer; hir Eltere waren den Eugène Mersch an d'Marie Müllendorff.[10]
Den 19. September 1985 huet de Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg decidéiert, eng Strooss am Quartier Gaasperech nom Robert Stumper ze benennen. Dës Rue Robert Stumper verbënnt d'Rue Fr. W. Raiffeisen mat der Rue Émile Bian.[13]
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.