lëtzebuergeschen Naturwëssenschaftler an Dramatiker From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Edmond Joseph Klein, gebuer den 12. Juli 1866 zu Wolz, a gestuerwen den 29. Dezember 1942 zu Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Naturwëssenschaftler an Dramatiker. Hien ass den Auteur vun enger ganzer Rëtsch vu wëssenschaftlechen a virun allem populärwëssenschaftlechen Artikelen an de Beräicher vun der Botanik, Zoologie, Agrikultur an der Sozialhygiène.
Hie gouf och "Pappa Klein" genannt.
Edmond Joseph Klein | |
---|---|
Gebuer |
12. Juli 1866 Wolz |
Gestuerwen |
29. Dezember 1942 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Athénée de Luxembourg |
Aktivitéit | Botaniker |
Member vun | Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques vum Institut grand-ducal |
Den Edmond Klein huet no sengem Lycée 1885 am Kolléisch fir d'éischt Philosophie a Philologie studéiert, ier e spéider gewiesselt huet op Agrar- an Naturwëssenschaften. Mat enger Thees iwwer Die Anatomie und die Physiologie der Pflanzen huet hien 1892 säin Doktorat gemaach, ier e fir d'éischt zu Dikrech a vun 1904 zu Lëtzebuerg am Lycée Biologie enseignéiert huet. Bis 1934 huet hie Botanik an Zoologie um Cours supérieurs an der Stad Lëtzebuerg enseignéiert.
Hie war Member vun der Société d'hygiène sociale et scolaire, der Association nationale d'arboriculture et d'horticulture an der Société des amis des musées.
Den Edmond Klein war vun 1923 bis 1940 President vun der Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques vum Institut grand-ducal. Vun 1896 bis 1906 war hie sechs Joer (all zweet Joer) President vun der Société des naturalistes luxembourgeois.
An nach eng ganz Rei aner, virun allem populärwëssenschaftlech Artikelen. Eng detailléiert Bibliographie vum E.J. Klein sengen Artikelen am Bulletin vun der SNL fënnt een hei:
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.