Klausener deen am 12. Joerhonnert am Gréngewald gelieft huet From Wikipedia, the free encyclopedia
De Schetzel war e Klausener, deen am 12. Joerhonnert déi lescht 14 Joer laang bis zu sengem Doud (1138 oder 1139) an enger Klaus am Gréngewald bei Lëtzebuerg gelieft huet.
Schetzel | |
---|---|
De Schetzel op enger Wandmolerei an der Walfer Dräifaltegkeetskierch | |
Titel | |
Biographie | |
Gestuerwen | 11. August 1138 |
Aktivitéit | Klausener |
Aner Informatiounen | |
Gedenkdag | 6. August |
Aner Nimm ënner deenen hie bekannt war sin: Schetzelo[1], Ghislenus, Gosselinus, Gezzelinus; op Franséisch: Scocelin, Ghislain, Goslin, Jocelin.
De Schetzel ass wuel en Zisterzienser gewiescht a koum warscheinlech aus der Abtei vun Orval[2]. Hien huet sech an enger Klaus am Gréngewald zeréckgezunn fir do als strenge Béisser ze liewen an ze bieden an dem Här no ze sinn. Vill Leit hunn hien ëm säi Rot gefrot.
Hien huet an enger Hiel gelieft an op dem plakege stengene Buedem geschlof. Als Kascht hat hien d'Planzen aus dem Bësch an d'Waasser aus enger Baach, déi hir Quell ronn 200 m vu senger Hiel ewech huet.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Schetzelbaach.
Wéinst den uerge Wanteren huet de Schetzel a senge leschte Joren de Bësch nuets verlooss an huet a Bauerenhaiser an der Géigend geschlof an Iessen ugeholl, fir net vun Honger ze stierwen.
Schonn zu senger Liefzäit war de Schetzel an der ganzer Ëmgéigend bekannt a veréiert, wat sech no sengem Doud iwwer d'Joerhonnerten eraus bis haut erhalen huet.
De Schetzel ass den 11. August 1138 oder 1139 gestuerwen. Seng kierperlech Iwwerreschter louchen an der Kierch vun der Abtei Almënster an der Stad Lëtzebuerg, wou se véier Joerhonnerte laang veréiert goufen. Zanter 1543, wéi d'Abtei am franséisch-spuenesche Krich zerstéiert gouf, si seng Iwwerreschter verschwonnen.
De Schetzel gëtt dacks als helleg bezeechent, dat obschonn d'kathoulesch Kierch hien ni helleg, an och net séileg gesprach huet. D'Vollek huet him deen Titel ginn, wat d'Kierch toleréiert huet.
Iwwer d'Liewe vum Schetzel gëtt et nëmmen eng eenzeg zouverlässeg historesch Quell, an zwar den Text deen de Brudder Herbert vun der Zisterzienserabtei Clairvaux (Frankräich) no dem mëndleche Rapport vum hl. Achardus niddergeschriwwen huet[3]. Den Achardus huet, op senger Rees vu Clairvaux op Immerode an der Äifel, de Schetzel opgesicht fir hie kennen ze léieren an him Geschenker z'iwwerreechen (haaptsächlech Kleeder). All aner Berichter sinn duerno entstanen an als Legenden unzegesinn.
Den Achardus insistéiert drop, de Schetzel als gléckleche Mann erlieft ze hunn, deen op all materiell Wäerter verzicht huet, a sech jorelaang nëmme vu Planzen aus dem Bësch erniert huet. Eréischt an de véier leschte Wantere viru sengem Doud huet hien Iesse vun de Baueren aus der Ëmgéigend ugeholl.
De Schetzel gouf bei senger Hiel begruewen. Zwee Joer drop huet den Abt Folmare seng Iwwerreschter an d'Abtei Almënster brénge gelooss, wou se an enger Doudelued aus Sëlwer virum Haaptaltor an der Klouschterkierch ënnerbruecht goufen. Do goufen d'Reliquie vum Schetzel ronn 400 Joer laang veréiert.
1543 gouf d'Abtei Almënster am franséisch-spuenesche Krich zerstéiert. Zwar hat den Abt Johannes Harder virdrun all wäertvoll Objeten op Tréier a Sécherheet brénge gelooss, déi sëlwer Doudelued awer ass zeréckbliwwen a gouf vun den Zaldoten zerluecht. Ob déi kierperlech Iwwerreschter vum Schetzel, wéi déi vum Jang de Blannen, och a Sécherheet bruecht goufen, ass net bekannt. Si gëllen zanterhier als verschollen.
De Schetzel säin Dag ass de 6. August.
Fir un den Schetzel z'erënneren, sinn zu Lëtzebuerg zwou Stroossen no him genannt:
Nom Schetzel sinn de Schetzelbuer an d'Schetzelbaach genannt, déi eng ronn 200 Meter vun der Schetzelhiel ewech leien.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Schetzelklaus.
An der Kathedral gëtt zweemol un de Schetzel erënnert:
De Wilhelm Weis (1894-1964) huet e Roman mam Titel Knecht der Liebe iwwer d'Liewe vum Schetzel geschriwwen.
Commons: Schetzel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.