Remove ads

D'Äifel ass eng hiwweleg Regioun a Westdäitschland, an Nordrhein-Westfalen an a Rheinland-Pfalz, südëstlech an ëstlech vun de belschen Ostkantonen, an nordëstlech vu Lëtzebuerg. Si stéisst also un d'Belsch an un de Grand-Duché. Uertschafte wéi Bitburg, Neierbuerg, Manderscheid, Krounebuerg a Schleiden hu bis 1794/95 zum Lëtzebuerger Land gehéiert, duerno zu den Departementer Forêts respektiv Ourthe, an 1815 si s'u Preisen annektéiert ginn.

Dëse Geographiesartikel iwwer Däitschland ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Vue vun der Héicht vun Düttling aus no Südosten. Um Horizont ze gesinn de Wandpark vun Dottel (lénks) a riets op der Kopp d'Uertschaft Kall. Distanz zum Fotograf 8 Kilometer. Plaz vum Fotograf 50° 36’ 38’’ N 06° 33’ 08’’ O.

D'Äifel gëtt am Süde vun der Musel begrenzt, an am Oste vum Rhäin. Se huet Ausleefer: am Nordwesten, d'Héicht Venn (fr. "Hautes Fagnes" an der Belsch), an am Westen d'Éislek an d'Ardennë bis a Frankräich eran. D'Äifel, d'Éislek an d'Ardennë gehéieren zur selwechter geologescher Formatioun. Wat d'Äifel vum Éislek a vun den Ardennen ënnerscheet ass hire vulkaneschen Ursprong (kuckt: Vulkanäifel). Dat ass an Däitschland nach däitlech un de Maaren a Kraterséien z'erkennen.

Remove ads

Stied an der Äifel

Héich Plazen

  • Hohe Acht (747 m), Héich Äifel
  • Ernstberg (oder „Erresberg“) (698,8 m), Héich Äifel
  • Schwarzer Mann (697,3 m), Schnéi-Äifel
  • Signal de Botrange (694 m), Héicht Venn
  • Weißer Stein (692 m), Nordäifel
  • Scharteberg (691 m), Vulkanäifel
  • Nürburg (678 m), mit der gleichnamigen Nürburg, Héich Äifel
  • Hochkelberg (675 m), Vulkanäifel
  • Prümscheid (675 m), Héich Äifel
  • Raßberg (667 m), Héich Äifel
  • Steling (658 m), Hohes Venn
  • Nerother Kopf (647 m), Vulkanäifel
  • Aremberg (623 m), Ahrbierge
  • Dietzenley (617 m), Gerolstein / Vulkanäifel
  • Hardtkopf (596 m), Südäifel
  • Hochsimmer (587,9 m), Ostäifel
  • Michelsberg (586,1 m), Ahrbierger
  • Eigart (565 m), Nordäifel
  • Rockeskyller Kopf (555 m), Vulkanäifel
  • Hoher List (549 m), Vulkanäifel
  • Wildbretshügel (525,3 m), Ruräifel, Kermeter
  • Kirchberg (520 m), Nordäifel
  • Häuschen (507 m), Nordäifel
  • Hochthürmen (499,8 m), Nordäifel
  • Teufelsley (496 m), Nordäifel
  • Kellerberg (448 m), Meulenwald
  • Stockert (435 m), Münstereifeler Wald
  • Herkelstein (435 m), Nordäifel
  • Veitskopf (428 m), Vulkanäifel
  • Burgberg (400,5 m), Ruräifel, Nordäifel
  • Sonnenberg (393,3 m), Ruräifel
  • Calmont (378 m), Viischt Äifel
  • Bausenberg (340 m), Nordäifel
  • Landskrone (272 m), Ahrbierger
Remove ads

Um Spaweck

Commons: Eifel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Wikiwand in your browser!

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.

Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.

Remove ads