lëtzebuergesch Gemeng an eenzeg Uertschaft an der Gemeng Schëffleng am Kanton Esch-Uelzecht From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Gemeng Schëffleng ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Esch-Uelzecht an de Chef-lieu vun der Gemeng ass Schëffleng, déi eenzeg Uertschaft an der Gemeng.
Schëffleng | |
---|---|
D'Märei vu Schëffleng (2011) | |
An anere Sproochen |
fr: Schifflange de: Schifflingen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Kanton Esch-Uelzecht |
Buergermeeschter | Paul Weimerskirch (CSV) |
Awunner | 11.517 |
1. Januar 2024 | |
Fläch | 771 ha |
Héicht | 291 m |
Koordinaten |
49° 30’ 20’’ N 06° 00’ 45’’ O |
LAU-Code | LU0214 |
Websäit | https://schifflange.lu/ |
D'Gemeng Schëffleng ass 771 ha grouss a läit am Süde vu Lëtzebuerg op enger Héicht tëscht zirka 275 a 400 m.
Nopeschgemenge si Monnerech am Norden, Beetebuerg am Osten, Keel am Süden an Esch-Uelzecht am Westen.
Am nërdlechen Deel vun der Gemeng leeft d'Kiemelbaach an d'Uelzecht laanscht d'Uertschaft Schëffleng.
Den 31. August 1876 gouf, duerch Gesetz vum 6. Juli 1876, d'Uertschaft Schëffleng vun der Gemeng Esch-Uelzecht ofgetrennt fir déi eegestänneg Gemeng Schëffleng ze schafen[1].
Quell:STATEC
Den 1. Januar 2012 hat Schëffleng 8.949 Awunner, wourënner 5568 Awunner Lëtzebuerger, 1617 portugisescher, 293 italieenescher, 334 franséischer, 108 däitscher, 69 belscher an 971 anerer Nationalitéit sinn[2].
Beschreiwung am Originaltext: d'or à la bande de gueules, chargée de trois moufles senestres d'argent appaumées, posées dans le sens de la bande |
De Gemengerot vu Schëffleng gëtt nom Proporzsystem gewielt. E setzt sech zanter 2017 aus 15 (virdrun: 13) Conseilleren zesummen.
Zesummesetzung
Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu
Schëffleng gëtt zanter 2017 vun enger CSV-déi gréng-Koalitioun regéiert. 2011 bis 2017 war dat eng tëscht LSAP an CSV.
Wichtegst Stroosseverbindung ass d'A13, déi vu Péiteng bis op Schengen féiert an duerch den nërdlechen Deel vun der Gemeng geet. Op engem kuerze Stéck am Nordweste geet d'A4 duerch d'Gemeng, déi Esch-Uelzecht mat Lëtzebuerg verbënnt. Ganz am Süde geet d'N31 iwwer e klengt Stéck vun der Gemeng. Ausserdeem lafen nach d'Chemin reprisen 164, 166, 168 an 169 duerch d'Gemeng.
Schëffleng läit op der CFL-Linn 6 an huet eng Gare op där Linn: d'Gare Schëffleng.
Schëffleng ass iwwer d'Linn 4 vum TICE mat Esch-Uelzecht, Keel an Diddeleng verbonnen a gëtt vun den RGTR Linnen 612, 812, 813, 830, 840, 850, 861, 870 an 882 ugefuer. Ausserdeem ass de Ruffbus feste Bestanddeel vum Schëfflenger ëffentlechen Transport.
D'Industriezon Monkeler am Dräieck tëscht der A4 an der A13 läit zum Deel um Gebitt vun der Gemeng. Am bekanntsten ass do d'Zementsfabrick. Richtung Féiz erstreckt sech zanter uganks vun den 2020er Joren d'Industriezon Op Herbett.
|
|
|
|
Schëffleng ass Member a verschidden Interkommunal Syndikater:
Commons: Schëffleng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.