![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/b/ba/Orbit_of_S2.jpg/640px-Orbit_of_S2.jpg&w=640&q=50)
S2 (Stär)
From Wikipedia, the free encyclopedia
S2, och S0-2[1], ass e Stär am Galakteschen Zentrum. Hien ass op enger Ëmlafbunn ëm d'Radioquell Sagittarius A* a leeft a 16,05 Joer eemol ëm dës Quell. De Stär huet dobäi eng Vitess vu bis zu 27 Millioune Kilometer pro Stonn (ca. 2,55 % vun der Liichtvitess) a kënnt bis op 17 Liichtstonnen un den Sagittarius A* erun.[2] Dat ass den 2,5 fache mëttleren Ofstand vun der Sonn an dem Pluto.
S2 | |
![]() | |
Stärebild: | Sagittarius Sgr |
Daten | |
---|---|
Equinoxe | J2000.0 |
Rektaszensioun | 17h 45m 40s 17/45/40 |
Deklinatioun | - 29° 00' 28" |
visuell Magnitude | ? mag |
border="0" | Spektralklass: | B1 V |
verännerleche Stärtyp | |
Astrometrie | |
Radialvitess: | ? km/s |
Parallax | ? mas |
Distanz | 26500 Lj |
Absolut Hellegkeet | ? mag |
Physikalesch Eegenschaften | |
Mass: | 15 M☉ |
Radius: | 14 R☉ |
Uewerflächentemperatur | ? K |
Aner Bezeechnungen | |
Katalogen | [CRG2004] 13, [EG97] S2, [ PGM2006]E1, [GPE2000] 0.15, [ SOG2003] 1 |
S2 ass deen éischte bekannte Stär, deem seng Ëmlafbunn ëm e supermasseräicht Schwaarzt Lach (ëm esou eent handelt et sech bei Sagittarius A* mat u Sécherheet grenzender Warscheinlechkeet) tatsächlech vermooss konnt ginn. Fir allerdéngs vum Schwarze Lach (mat enger Mass vu 4,1 Milliounen Sonnemassen) zerrappt a geschléckt ze ginn, misst hie sech dësem bis op eng Distanz vun ongeféier 16 Liichtminutten erukommen. No den aktuellen Observatioune wäert dat net an nächster Zäit geschéien.
Am Joer 2012 gouf de Stär S0-102 entdeckt, dee mat 11,5 Joer eng nach méi kuerz Ëmlafzäit ëm de Sagittarius A* huet.[1]
Am Fréijoer 2018 hat S2 déi klengst Distanz zum Schwaarze Loch, een Abléck, op deen d'Astronome 16 Joer laang gewaart haten.[3] Et gëtt erwaart, datt och an deene staarke Gravitatiounsfelder besonnesch opfälleg klassesch Prognose vun der Allgemenger Relativitéitstheorie (gravitativ Routverrécklung, Periheldréiung) getestet könne ginn, inklusiv Tester vun Alternativen, wéi d'pseudo-komplex Gravitatiounstheorie vum Walter Greiner a Peter O. Hess, wéi och speziell Phenomeener fir Schwaarz Lächer no beim Ereegneshorizont (z. B. Lense-Thirring-Effet wéinst der Matféierung vun der Raumzäit ëm e rotéierend Schwaarzt Lach). Ausserdeem erhofft ee sech Erkenntnesser iwwer astrophysikalesch Phenomeener wéi d'Bildung an d'Dynamik vun Akkretiounsscheiwen (Jets, Wanden) an Aussoen dariwwer, ob kleng Schwaarz Lächer an der Ëmgéigend vum supermassive Schwaarze Lach existéieren. Observatiounsprogrammer existéieren ënner anerem um Keck-Observatoire an um Paranal-Observatoire (VLTI, Verly Large Telescope Interferometer), beim leschtem d'Konsortium GRAVITY ënner Leedung vum Frank Eisenhauer.[4] Am Juli 2018 hat d'Gravity Konsortium bekannt gemaach, datt si eng gravitativ Routverrécklung a gudder Iwwereneestëmmung mat der allgemenger Relativitéitstheorie nogewisen hunn.[5] De kombinéierten Effet aus gravitativer Routverrécklung a relativisteschem Dopplereffekt war =200 km/s/c. Et erwaart een och an nächster Zukunft d'Observatioun vun engem weideren allgemeng-relativisteschen Effet (Apsidendréiung vun der Ëmlafbunn).