From Wikipedia, the free encyclopedia
De W. M. Keck-Observatoire ass en Deel vum Mauna-Kea-Observatoire um 4.200 Meter héije Vulkanbierg Mauna Kea op der Insel Hawaii.
Am Observatoire stinn zwéi baugläich Spigelteleskopen, vun deene jiddwereen een aus 36 klenge, sechseckege Segmenter zesummegesaten Haaptspigel vun 10 m Duerchmiesser huet an déi bis Juli 2007 déi gréisst optesch Teleskope vun der Welt waren. Ofgeléist goufe si duerch d'Gran Telescopio Canarias, déi e Spigelduerchmiesser vun 10,4 m hunn. D'Spigelsupporte vun den Teleskope goufe vun der Schott AG zu Mainz aus Zerodur Glaskeramik gebaut. D'Keck-I-Teleskop gouf 1993 a Betrib geholl, d'Keck-II-Teleskop ass 1996 fäerdeg gestallt ginn. Déi zwéin Teleskope kënnen och zesummen als opteschen Interferometer gebraucht ginn. Keck-I a Keck-II hunn eng Adaptiv Optik.[1]
D'Grënnung geet op eng Stëftung vun der W. M. Keck Foundation an der Héicht vun 140 Milliounen US-Dollar zeréck. Den Observatoire gëtt vum California Institute of Technology, vun der University of California an der NASA zesumme bedriwwen.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.