Apparat dee gebraucht gëtt fir Verstéiss vun de Verkéiersreegelen op der ëffentlecher Strooss festzestellen From Wikipedia, the free encyclopedia
Mat Radar bezeechent een ëmgangssproochlech en Apparat dee gebraucht gëtt fir Verstéiss vun de Verkéiersreegelen op der ëffentlecher Strooss festzestellen.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Apparat vun der Verkéiersiwwerwaachung. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Radar (Homonymie). |
Dës Apparate funktionéiere gemenkerhand op Basis vun der Radar-Technik mat där duerch den Doppler-Effekt d'Vitess vun engem Gefier dat a Beweegung ass, gemooss gëtt. Eng méi rezent Technik ass d'laserbaséiert LIDAR-Technologie ((en) Light Detection and Ranging) bei där de Sensor am Miessapparat op engem Laserscanner baséiert deen d'Strooss an enger héijer Opléisung a mat enger héijer Frequenz oftaascht. Doduerch kann de Miessapparat d'Gefierer an engem Beräich vun 10 bis 75 Meter erfaassen an och verfollegen. Am Miessberäich dee bei 20 bis 50 Meter läit, gëtt d'Vitess vun de Gefierer berechent[1].
Zu Lëtzebuerg gëtt d'Vitess an d'Flicht fir bei enger rouder Luucht stoen ze bleiwen deels mat automatesche Radaren iwwerwaacht.
Zanter Mäerz respektiv Mee 2016 gëtt de System vun der automatescher Vitessiwwerwaachung an enger stationärer a mobiller Variant zu Lëtzebuerg agesat[2],[3]. Dobäi gëtt automatesch de Proprietär vum Gefier ugeschriwwe wann déi erlaabt Vitess inklusiv Toleranz iwwerschratt ass. Agesat gëtt haaptsächlech de PoliScan speed um Produzent Vitronic vu Wiesbaden.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: PoliScan speed.
Déi stationär Systemer déi d'Vitess punktuell moossen, sinn op follgende Plazen installéiert:
De Radar deen op der N11 kuerz viru Gonnereng stoung, ass de 15. Juni 2020 mat engem Streckeradar ersat ginn.
An den éischte 6 Méint, nodeem s'a Betrib goungen, goufen am Ganzen 168.345 Infraktioune festgestallt[6].
Am Joer 2017 - dat éischt, iwwer dat et komplett Zuele gëtt - goufen 12,5 Milliounen Euro duerch d'Radaren ageholl: 233.000 Avertissement-taxéen à 49€ a 7000-mol waren 145€ an zwéi Punkte fort[7].
No dräi Joer Betrib, am Mäerz 2019, goufen am Ganze bal 800.000-mol Chauffeure geblëtzt, déi ze séier ënnerwee waren[8]. Bis Dezember 2020 hunn all d'Radaren zesummen 961.615-mol geblëtzt.
97% vun de Chauffeure ware liicht ze séier an hu missen 49€ Strof bezuelen. 3.657-mol huet et sech ëm e schwéiere Verstouss gehandelt, et hu missen 145€ bezuelt ginn an zousätzlech 2 Punkten um Punktefürerschäin. 520-mol war et en délit de grande vitesse. D'Zuel vun de Verkéiersdoudegen ass zanter hir erof gaangen a louch dräimol ënner 30 Persounen pro Joer: 2016: 32; 2017: 25; 2018: 36; 2019: 22; 2020: 26.
Zanter dem 15. Juni 2020 steet op der N11 tëscht dem Waldhaff a Gonnereng e sougenannte Streckeradar. Entgéint dem normale Radar, rechent dëse Modell d'mëttel Vitess déi vum Gefier op der ronn 3,8 km-laanger Streck gefuer gouf. De System erfaasst d'Gefier mat der Plackennummer wann et an den Tronçon erafiert, an eng zweet Kéier wann et nees erausfiert. De System rechent dann d'mëttel Vitess déi gefuer gouf. Gouf déi erlaabt Vitess agehalen, ginn d'Donnéeë geläscht, am anere Fall gëtt d'Gefier fotograféiert an de Besëtzer kritt - wéi beim normale Radar - en Avertissement taxé geschéckt. Iwwer déi éischt fënnef Deeg hat de Streckeradar 121 Infraktioune festgehalen[9].
ID-Nr[4] | Strooss | Uertschaft / Streck | installéiert | Koordinaten |
---|---|---|---|---|
22 | N11 | Gonnereng - Waldhaff | 2020 | 49° 41’ 17.8’’ N 6° 13’ 52.4’’ E |
49° 39’ 45.0’’ N 6° 11’ 51.3’’ E | ||||
69 | A13 | Tunnel Markusbierg | 2021 | 49° 28’ 54.8’’ N 6° 20’ 23.5’’ E |
49° 28’ 39.9’’ N 6° 21’ 35.2’’ E | ||||
70[10] | A7 | Tunnel Stafelter | 2022[11] | 49° 39’ 16.1’’ N 6° 10’ 55.1’’ E |
49° 39’ 54.7’’ N 6° 09’ 47.9’’ E | ||||
71[10] | A7 | Tunnel Grouft | 2022[11] | 49° 41’ 23.1’’ N 6° 09’ 47.3’’ E |
49° 42’ 26.9’’ N 6° 08’ 31.3’’ E | ||||
72[10] | A7 | Tunnel Gousseler Bierg | 2022[11] | 49° 42’ 32.7’’ N 6° 07’ 07.0’’ E |
49° 43’ 51.4’’ N 6° 06’ 20.1’’ E |
Vu Januar 2022 bis Juli 2022 goufen am Tunnel Markusbierg 45.489 Verstéiss festgestallt, wouvun der 35.095 vun Automobiliste waren, deenen hiert Gefier net zu Lëtzebuerg ugemellt war[12].
Zu de mobille Radaren zielen déi, déi an engem banaliséierten Auto agebaut sinn oder déi als Unhänger laanscht d'Strooss opgestallt ginn.
Mobil Radare kënnen z. B. an engem Schantjen opgestallt ginn. Op der A4 stoung sou e mobille Chantiers-Radar vum 5. bis den 13. Mäerz 2019 an huet am ganzen 12.546 Infraktioune festgestallt. Doropshi goufen 10.279 Avertissement-taxéë vun 49 Euro an der 1.465 vun 145 Euro ausgestallt. Doriwwer eraus goufen och nach 802 Délits de grande vitesse festgestallt[13].
Bei Kontrollen déi d'Police mécht a bei deenen d'Automobilisten ugehalen an direkt protokolléiert ginn, gëtt d'Vitess gemenkerhand mat de sougenannte Radar-Spektive gemooss.
Zanter dem 23. Juli 2021 ass an der Stad den éischte Rout-Luucht-Radar um Boulevard de la Foire bei der Stäreplaz am Asaz. E kontrolléiert iwwer déi véier Spueren déi et do gëtt, ob d'Chauffere bei Rout stoe bleiwen an awer och ob se d'Vitess anhalen[14].
Am éischte Mount nodeem en a Betrib war, goufen 1.058 Verstéiss festgestallt: 582 Chaufferen sinn net bei Rout stoe bliwwen a 476 waren der ze séier ënnerwee. Bei 36 Automobilisten waren et déi 2 Infraktiounen zesummen[15].
Am Juni 2022 installéiert, „blëtzen“ esou Apparater zanter dem 1. Dezember 2022 och zu Hollerech an der Géigend vum Campus Geesseknäppchen[16].
ID-Nr[4] | Strooss | Uertschaft / Streck | installéiert | Koordinaten |
---|---|---|---|---|
68 | N51 | Uewerstad, Boulevard de la Foire | 2021 | 49° 36’ 49.5’’ N 6° 07’ 13.3’’ E |
46 | N56A | Hollerech, Kräizung bd Pierre Dupong | 2022 | 49° 35’ 59.9’’ N 6° 06’ 50.9’’ E |
47 | N4 | Hollerech, Escher Strooss | 2022 | 49° 35’ 58.9’’ N 6° 07’ 07.0’’ E |
48 | N56A | Hollerech, Boulevard Dr Charles Marx | 2022 | 49° 35’ 59.1’’ N 6° 07’ 10.9’’ E |
Commons: Radaren zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.