Léierhaff (lokal: op der Léier[1]) ass e Lieu-dit an der Gemeng Groussbus-Wal dee just aus engem Bauerenhaff besteet.
Léierhaff op der Léier | |
---|---|
De Léierhaff (2018) | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Lehrhof de: Lehrhof |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Réiden |
Gemeng | Groussbus-Wal |
Buergermeeschter | Paul Engel |
Awunner | 18 |
1. Januar 2022 | |
Koordinaten |
49° 51’ 22’’ N 05° 56’ 45’’ O |
Den Haff läit laanscht d'Nationalstrooss N 12, op enger Héicht vu 487 Meter, a ronn 1 Kilometer westlech vun Dellen.
Op der topographescher Kaart vum Kadaster ass en als Lehrhaff agezeechent.
Net wäit vum Haff an nërdlecher Richtung steet op der Kräizung vun der N 12 mat dem CR345 d'Jenne-Kapell.
Am Westen an am Süde vum Haff leie grouss Bëscher, vun deenen de bekanntsten den Alebësch ass. No Norden an no Osten ass fräi Gewan, déi, wéi op de meeschte Plazen um südleche Bord vum Éislek, zimmlech koppeg ass.
Commons: Lehrhof (Grosbous) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Archivéiert de(n) 2020-08-11. Gekuckt de(n) 14.06.2020.
Wikiwand in your browser!
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.