Radar (Verkéier)
Apparat dee gebraucht gëtt fir Verstéiss vun de Verkéiersreegelen op der ëffentlecher Strooss festzestellen / From Wikipedia, the free encyclopedia
Mat Radar bezeechent een ëmgangssproochlech en Apparat dee gebraucht gëtt fir Verstéiss vun de Verkéiersreegelen op der ëffentlecher Strooss festzestellen.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Apparat vun der Verkéiersiwwerwaachung. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Radar (Homonymie). |
Dës Apparate funktionéiere gemenkerhand op Basis vun der Radar-Technik mat där duerch den Doppler-Effekt d'Vitess vun engem Gefier dat a Beweegung ass, gemooss gëtt. Eng méi rezent Technik ass d'laserbaséiert LIDAR-Technologie ((en) Light Detection and Ranging) bei där de Sensor am Miessapparat op engem Laserscanner baséiert deen d'Strooss an enger héijer Opléisung a mat enger héijer Frequenz oftaascht. Doduerch kann de Miessapparat d'Gefierer an engem Beräich vun 10 bis 75 Meter erfaassen an och verfollegen. Am Miessberäich dee bei 20 bis 50 Meter läit, gëtt d'Vitess vun de Gefierer berechent[1].