From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Place de la Gare ass eng Plaz am Garer Quartier vun der Stad Lëtzebuerg. Se fänkt op der Héicht vun der Ausfaart aus der Busgare vun de Stater Bussen un an erstreckt sech dann a Richtung Süden, bis op d'Kräizung vun der Hollerecher- an der Diddenuewener Strooss.
Numm |
lb: Garer Plaz fr: Place de la Gare |
---|---|
Deel vun | N3 |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lëtzebuerg |
Quartier | Gare |
Postcode | 1616 |
Koordinaten |
49° 36’ 00.5’’ N 06° 08’ 00’’ O |
Zur Place de la Gare gehéieren d'Strooss déi driwwer féiert (Nationalstrooss 3) grad wéi d'Busgare vun de Stater Bussen an den RGTR-Bussen op der ëstlecher Säit.
Vun 1882 bis 1955 war d'Plaz vum de Jangli markéiert a vun 1904 och nach vum Charly. Duerno si se duerch Bussen ersat ginn.
Am Kader vum Ausbau vum Stater Tram gouf d'Garer Plaz tëscht 2021 an 2022 nei ugeluecht: Eng Tramshalt koum virun d'Dier vun der Gare; d'Quaie fir déi Stater Busse si verschwonnen (en Deel gouf hannert d'Gare op d'Rocade vu Bouneweg verluecht), an nieft d'Trammsgleiser koum eng Vëlospiste an zwou Richtungen[1].
Deen Deel vun der Plaz virum CFL-Direktiounsgebai, en Areal vu 36 Ar, deen dem Fonds du Rail gehéiert an dee vun den CFL geréiert gëtt, bleift nach eng 4 Joer méi laang e Schantjen: d'Pläng, datt do, wéi vum Transportminister gewënscht, en ënnerierdesche Vëlosparking gebaut soll ginn, mussen nach vun der Stad Lëtzebuerg a vum CFL ugeholl ginn, sou datt et eréischt 2024 zu Ausschreiwunge fir d'Aarbechte komme kéint, an och den Ëmbau vum CFL-Direktiounsgebai, mécht d'Saach net méi einfach[2].
Commons: Place de la Gare (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.