From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Hotel Alfa ass en Hotel am Art Deco-Stil am Garer Quartier, op der Garer Plaz, an der Stad Lëtzebuerg. E gouf 1930, no Pläng vum Léon Bouvart (1883-1933) vum Entreprener Alfred Lefèvre (1866-1958) gebaut.[1]
(2011) | |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Plaz | Stad Lëtzebuerg |
Adress |
Place de la Gare |
Koordinaten | 49° 36’ 00’’ N 6° 07’ 00’’ O |
Architekt(en) | Léon Bouvart |
Statut | Klasséiert Monument (IS), (INPA) |
Datum vum Bau | 1930 |
Enn 1944 hunn ë. a. d'Genereel Patton, Bradley an Eisenhower dra logéiert.[2]
D'Gebai gouf an den 1970er Jore renovéiert, an dann nees an de spéiden 1990er/fréien 2000er. Dobäi gouf ë. a. den Daach ausgebaut. Den Hotel gouf bis 2017, als Mercure Grand Hotel Alfa Luxembourg, vun der Hotelschaîne Mercure bedriwwen, déi zum Accor-Grupp gehéiert.
An der Brasserie vum Hotel sinn eng Rëtsch Molereie vum Julien Lefèvre, dem Jong vum Alfred Lefève, ze gesinn. Si stelle verschidde Lëtzebuerger Landschaften duer (Minett, Musel, Éislek a Guttland).[3]
Den Hotel Alfa steet zanter dem 14. Mee 1991 op der Lëscht vum Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter.[4]
Am Mäerz 2017 huet wéinst Meenungsverschiddenheeten tëscht dem Proprietär, engem Schwäizer Konsortium, an dem Locataire, engem Lëtzebuerger Immobiliegrupp, de Sous-locatiare Accor Belsch de Bail mat Alfa Hotel gekënnegt, an den Hotel gouf zougemaach.[5]
Am Abrëll/Mee 2019 huet de Proprietär e Kontrakt mat der Hotelschaîne Marriott ënnerschriwwen, déi, no Moderniséierungsaarbechten, vun 2021 un d'Gebai ënnert dem Numm Luxembourg Marriott Hotel Alfa exploitéiere soll.[6]
Commons: Hotel Alfa – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.