Peter Lorre
éisträichesch-US-amerikanesche Schauspiller / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Peter Lorre, gebuer als László Löwenstein de 26. Juni 1904 zu Rosenberg (deemools Keeserräich Éisträich-Ungarn) a gestuerwen den 23. Mäerz 1964 zu Los Angeles (Kalifornien), war en éisträichesch-US-amerikanesche Schauspiller, Filmregisseur an Dréibuchauteur. 1941 ass hien US-amerikanesche Staatsbierger ginn.
Peter Lorre | |
---|---|
Gebuertsnumm | László Löwenstein |
Gebuer |
26. Juni 1904 Ružomberok |
Gestuerwen |
23. Mäerz 1964 Los Angeles |
Doudesursaach | Hiereschlag |
Nationalitéit | USA, Éisträich, Weimarer Republik |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Filmregisseur, Charakterschauspiller, Dréibuchauteur, Theaterschauspiller, Schauspiller, Regisseur, Televisiounsschauspiller |
Am Joer 1933 huet de Peter Lorre wéinst senge jiddeschen Originen Däitschland verlooss.
De Lorre gouf bekannt duerch seng Roll als Kannermäerder am Film M vum Fritz Lang.
Hien huet a Filmer vu Regisseure wéi Michael Curtiz, John Huston, Alfred Hitchcock, Georg Wilhelm Pabst a Josef von Sternberg matgespillt. De Roger Corman huet hien och nach engagéiert zesumme mam Vincent Price an de Filmer The Raven an Tales Of Terror no Erzielunge vum Edgar Allan Poe.