Remove ads
brittesche Schauspiller From Wikipedia, the free encyclopedia
De Sir Cedric Webster Hardwicke, gebuer den 19. Februar 1893 zu Lye an England, a gestuerwen de 6. August 1964 zu New York City, war en englesche Schauspiller.
Cedric Hardwicke | |
---|---|
Gebuertsnumm | Cedric Webster Hardwicke |
Gebuer |
19. Februar 1893 Worcestershire |
Gestuerwen |
6. August 1964 New York |
Doudesursaach | Longenemphysem |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun | Royal Academy of Dramatic Art |
Aktivitéit | Filmregisseur, Filmproduzent, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Schauspiller, Televisiounsschauspiller |
Famill | |
Kanner | Edward Hardwicke |
Den Hardwicke ass als Theaterschauspiller besonnesch bekannt duerch seng Optrëtter a Stécker vum William Shakespeare a vum George Bernhard Shaw.
Am Kino huet hien a bekannte Filmer wéi The Hunchback of Notre Dame (1939) vum William Dieterle weider an 2 Kriminalfilmer Suspicion (1941) a Rope (1948) alle béid vum Alfred Hitchcock matgespillt. Hie war awer och an Hollywood-Superproduktioune wéi 1956 am Bibelfilm The Ten Commandments vum Cecil B. DeMille an och an der Jules Verne Verfilmung vun Around the World in 80 Dayss (1956) vum Michael Anderson ze gesinn.
Commons: Cedric Hardwicke – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.