Remove ads

De Claude Rains, gebuer den 10. November 1889 zu London, England, a gestuerwen den 30. Mee 1967 zu Laconia, New Hampshire, USA, war en englesch-US-amerikanesche Schauspiller.

Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Claude Rains
Thumb
Gebuer 10. November 1889
Clapham
Gestuerwen 30. Mee 1967
Laconia
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich, USA
Educatioun Royal Academy of Dramatic Art
Aktivitéit Filmschauspiller, Charakterschauspiller, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Schauspiller
Famill
Papp Fred Rains
Zoumaachen

De Claude Rains stoung mat 11 Joer fir d'éischt zu London op der Bün. Am Éischte Weltkrich war hie vun 1915 bis 1919 an der Arméi. Vun 1926 un huet hien haaptsächlech an den USA am Theater geschafft. Am Joer 1939 krut hien d'US-amerikanesch Nationalitéit.

Am Alter vu 44 Joer krut hien 1933 seng éischt Haaptroll am Film The Invisible Man, vum James Whale. Duerno war hien a villen Hollywoodfilmer ze gesinn. Bekannt ass hie besonnesch duerch d'Roll vum Policechef Renault am Film Casablanca vum Michael Curtiz aus dem Joer 1942.

Aner bekannt a bedeitend Rollen huet hien a Filmer wéi The Adventures of Robin Hood (1938) vum Michael Curtiz a William Keighley mam Errol Flynn, Mr. Smith Goes to Washington (1939) vum Frank Capra mam James Stewart, Notorious (1946) vum Alfred Hitchcock mam Cary Grant an Ingrid Bergman an a Lawrence of Arabia (1962) vum David Lean mam Peter O'Toole an Alec Guinness gespillt.

Remove ads

Filmographie

Kino

vun 1920 bis 1939

  • 1920: Build Thy House, vum Fred Goodwins
  • 1933: The Invisible Man, vum James Whale mam Gloria Stuart
  • 1934: Crime Without Passion, vum Ben Hecht an Charles MacArthur
  • 1934: The Man Who Reclaimed His Head, vum Edward Ludwig mam Joan Bennett a Lionel Atwill
  • 1934: Mystery of Edwin Drood, vum Stuart Walker
  • 1935: The Clairvoyant, vum Maurice Elvey mam Fay Wray
  • 1935: The Last Outpost, vum Charles Barton a Louis J. Gasnier mam Cary Grant
  • 1936: Anthony Adverse, vum Mervyn LeRoy mam Fredric March an Olivia de Havilland
  • 1936: Hearts Devided, vum Frank Borzage mam Marion Davies an Dick Powell
  • 1937: Stolen Holiday, vum Michael Curtiz mam Kay Francis
  • 1937: The Prince and the Pauper, vum William Keighley mam Errol Flynn
  • 1937: They Won't Forget, vum Mervyn LeRoy
  • 1938: Gold Is Where You Find It, vum Michael Curtiz mam Olivia de Havilland
  • 1938: The Adventures of Robin Hood, vum Michael Curtiz a William Keighley mam Errol Flynn an Olivia de Havilland
  • 1938: White Banners, vum Edmund Goulding mam Jackie Cooper
  • 1938: Four Daughters, vum Michael Curtiz mam John Garfield
  • 1938: They Made Me a Criminal, vum Busby Berkeley mam John Garfield
  • 1939: Juarez, vum William Dieterle mam Paul Muni a Bette Davis
  • 1939: Sons of Liberty, vum Michael Curtiz (Kuerzfilm)
  • 1939: Daughters Courageous, vum Michael Curtiz mam John Garfield
  • 1939: Mr. Smith Goes to Washington, vum Frank Capra mam James Stewart an Jean Arthur
  • 1939: Four Wives, vum Michael Curtiz mam Priscilla Lane

vun 1940 bis 1949

vun 1950 bis 1959

vun 1960 bis 1963

Remove ads

Um Spaweck

Commons: Claude Rains – Biller, Videoen oder Audiodateien

Wikiwand in your browser!

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.

Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.

Remove ads