From Wikipedia, the free encyclopedia
Mikrometeoritte sinn winzeg Meteoritte mat enger Gréisst vun e puer honnert Mikrometer bis zu e puer Millimeter. Mikrometeoritte stinn an enker Bezéiung zum interplanetaresche Stëbs.
Ronn 95 % vum interplanetare Material dat op d'Äerd fält besteet aus Mikrometeoritten. Mineralogesch a vun der cheemescher Zesummesetzung hier gläichen déi meescht Mikrometeoritten de kuelege Chondritten an nëmme verhältnesméisseg wéineg de gewéinleche Chondritten, obwuel bei de makroskopesche Meteoritten d'Zuel vun de gewéinleche Chondritte wäit iwwerweit. Et gëtt ugeholl, datt d'Mikrometeoritten d'Heefegkeete vun de verschiddenen Asteroidentyppen an der Asteroidenceinture besser representéiere wéi déi makroskopesch Meteoritten. Dobäi gëtt allerdéngs virausgesat, datt d'Mikrometeoritten haaptsächlech aus der Asteroidenceinture stamen. Dat ass awer net sécher. Eng Ofstamung vun de Mikrometeoritte vu Koméite gëtt och diskutéiert.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.