From Wikipedia, the free encyclopedia
De Klëppelkrich (fr.: guerre des gourdins oder guerre des paysans, dt.: Klöppelkrieg, flamm.: Boerenkrijg) am Joer 1798 war als Befreiungskrich vun der Bevëlkerung vun de fréieren éisträich-nidderlännesche "Provënzen", vum ale Prënzbistum Léck a vu verschiddenen Uertschaften an der Westäifel, géint de franséische Regime geplangt, deen iwwerdriwwen héich Steiere gefrot, d'Kierchen deelweis zougemaach[1] a schlussendlech och nach de Jonktem fir seng Arméi rekrutéiert[2] huet. D'Bezeechnung Klëppelkrich kënnt dohier, datt d'Bauere just e puer vereenzelt Flënten haten, an dofir virun allem mat hire Klëppele, Gafelen, Greefer a Séisselen an de Krich gezu sinn. Déi franséisch Truppen hunn deen Opstand och deementspriechend séier a bluddeg néiergeschloen.
Am Fréijoer 1794 sinn déi franséisch Revolutiounstruppen a Lëtzebuerg agefall, an hunn et bis de Summer vum selwechte Joer och komplett besat. Nëmmen d'Festung, wou nach éisträichesch Truppen dra waren, huet eréischt de 7. Juni 1795 kapituléiert.[3] . Am Fridde vu Campo Formio huet Éisträich der Annexioun vun den Éisträicheschen Nidderlanden zougestëmmt. Domat sinn d'Awunner vum fréieren Herzogtum Lëtzebuerg rechtlech gesi Fransouse ginn, déi natierlech dem franséische Gesetz ënnerworf waren.
D'Fransousen hu vill Reformen an hiren neien Departementer duerchgesat, mol gudder wéi d'Meenungsfräiheet, mol manner gudder wéi d'Eropsetze vun de Steieren. Dozou koum och nach d'Rekrutéierung vun alle Männer tëscht 20 a 25 Joer. De Gilbert Trausch schreift: "Pour les Luxembourgeois, un service militaire obligatoire et général constitue une innovation [...] Or, en 1798, les jeunes gens doivent servir loin de la patrie, en Allemagne et en Italie."[4],[5] Dobäi koum och de gesondheetlechen Zoustand vun de jonke Rekruten, 48,2 % vun den Éisleker ware gesondheetlech net qualifizéiert[4].
Och de Klerus huet elle misse schlécken, well all seng Privileegie waren op ee Coup fort, a Paschtéier, déi net den Eed op d'franséisch Republik a géint d'Monarchie ofleeë wollten, hu keng Mass méi däerfen halen[1].
Opgestëppelt vum Klerus, den Éisträicher an den Englänner, déi all hir Ënnerstëtzung zougesot haten, hunn d'Éisleker an Äifeler Bauere sech zesummegedoen, fir relativ onméiglech Ziler z'erreechen: d'Festunge Lëtzebuerg a Léck anhuelen a sou den Ëmstuerz an den neie franséischen Departementer Ourthe a Forêts erbäizeféieren.
De 26. Oktober 1798 goufen zu Klierf d'Gendaarmen an de Buergermeeschter festgeholl, an op Housen bruecht, wou d'Baueren hiren Haaptquartéier ageriicht hunn. De 27. Oktober koum et zu méi lokalen Opstänn zu Wolz, zu Leidenborn (Äifel) an zu Burg-Reuland an der haiteger Belsch.
Den 29. Oktober wollt eng Arméi vun 2.000 Mann d'Stad Lëtzebuerg vun de Fransouse befreien. Si sinn awer net méi wäit wéi bis op Housen komm, well d'Bauere gemengt hate, si hätte franséisch Zaldote gesinn. Et war awer nëmmen eng Trupp vu Gendaarmen, déi allerdéngs sou geschéckt marschéiert sinn, datt een hätt kënne mengen, eng ganz Arméi wier um Umarsch.
Nodeem 110 franséisch Zaldoten op Arzfeld ofkommandéiert gi waren, hu sech 500 Baueren zesumme gedo, fir d'Fransousen unzegräifen. Den 30. Oktober 1798 koum et bei Arzfeld dann och zu enger Schluecht. Heibäi si 7 franséisch Zaldoten an 33 Äifeler ëm d'Liewe komm. D'Fransousen hunn 32 Gefaange gemaach, vun deenen déi meescht 1799 zu Lëtzebuerg higeriicht goufen.
A Flandern (Departementer Lys an Escaut/Schelde) an am éischter flammänneschen Deel vu Brabant (Departementer Deux-Nèthes an Dyle) gouf den Opstand Boerenkrijg genannt. Eng Trupp vu 5.000 - 10.000 Brigangen, déi vun der franséischer Arméi verfollegt ginn ass, gouf zu Hasselt (Meuse-Inférieure) de 5. Dezember 1798 geklappt. Et waren Dausende vun Afferen ze bekloen, an d'Folleg war eng Repressioun mat 170 Exekutioune vun de Cheffen.
Am wallounesche Brabant, am Hainaut (Jemappes), zu Namouer (Sambre-et-Meuse) an zu Léck (Ourthe) gouf et och Resistenzen, mä generell goufen do d'franséisch Autoritéite besser begréisst.
De Klëppelkrich huet net laang gedauert, an hat och keng weider direkt Konsequenze fir d'franséisch Autoritéiten an hiren neien Departementer. Den Opstand konnt séier néiergeschloe ginn. "La rébellion des paysans luxembourgeois ressemble à un feu de paille: elle dégage une forte chaleur, mais s'affaisse rapidement."[4]
An de Mentalitéite vun de Lëtzebuerger huet de Klëppelkrich allerdéngs eng grouss Bedeitung kritt. Dëst war den éischte groussen Opstand an der Geschicht vum Land. "Par leur impact sur l'imaginaire populaire, les soulèvements paysans de 1798 ont servi à construire un sentiment national luxembourgeois."[4]
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Klëppelkrichmonument um Lampertsbierg.
Den 10. Abrëll 1979 huet déi lëtzebuergesch Post en Timber erausginn, deen un de Klëppelkrich erënnert. Lénks um Timber ass en Deel vum Klëppelkrich-Monument zu Klierf ze gesinn, mam Michel Pintz viru senge Riichteren, a riets den Text op der Plack vum Monument um Lampertsbierg.
Portal Franséisch Revolutioun – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Revolutioun vu 1789. |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.