Joseph Charles Namur
lëtzebuergeschen Apdikter / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Pierre Joseph Charles Namur, gebuer zu Iechternach de 25. Juni 1847, a gestuerwen de 25. Januar 1903 zu Zürech, war en Apdikter an der Stad Lëtzebuerg. Hie war de Fils vum Joseph Namur an den Enkel vum Jean-Pierre Namur[1].
Joseph Charles Namur | |
---|---|
Gebuer |
25. Juni 1847 Iechternach |
Gestuerwen |
25. Januar 1903 Zürich |
Famill | |
Papp | Joseph Namur |
Geschwëster | Léon Namur |
![]() |
Den 31. Dezember 1868 ass hien zu Lëtzebuerg als Apdikter ugeholl ginn. Hien huet duerno an der Apdikt vu sengem Grousspapp, der « Pharmacie du Cerf » zu Iechternach, geschafft[2]. 1875 huet hien d'Adler-Apdikt an der Stad kaaft, déi do am Joer 1838 vum Anatole Richard (1814-1882)[3] gegrënnt gi war.
Am Joer 1900 huet de Jos.-Ch. Namur sengem Fils Prosper Namur, gebuer zu Lëtzebuerg den 29. Oktober 1875, d'Apdikt iwwerlooss a sech an d'Schwäiz zeréckgezunn[4].
De Jos.-Ch. Namur war Member vun der botanescher Gesellschaft (Société de botanique)[5].