lëtzebuergeschen Apdikter From Wikipedia, the free encyclopedia
De Joseph (Jos) Pierre François Namur, gebuer zu Iechternach de 15. Juni 1823, a gestuerwen och do de 24. Februar 1892, war en Apdikter zu Iechternach, deen awer haaptsächlech als Professer am Iechternacher Kolléisch (vun 1848 bis 1887), subsidiär och an der Iechternacher Akerbauschoul (vun 1856 bis 1868), geschafft huet. Hien huet Agronomie an Naturwëssenschaften (Botanik, Zoologie, Chimie, Physik), zum Schluss och Däitsch enseignéiert.
Joseph Namur | |
---|---|
Gebuer |
15. Juni 1823 Iechternach |
Gestuerwen |
24. Februar 1892 Iechternach |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Apdikter, Lycéesprofesser |
Member vun | Section historique vum Institut grand-ducal |
Famill | |
Papp | Jean-Pierre Namur |
Kanner | Joseph Charles Namur |
De Jos Namur hat vun 1845 bis 1846 beim Justus Liebig zu Gießen studéiert. Hien ass ee vun deenen zwéi lëtzebuergesche Schüler vum Liebig; deen aneren ass de Karl Stammer.
D'Apdikt, d'Pharmacie du Cerf, huet hien nëmmen eng kuerz Zäit, vun 1875 bis 1876, geleet, an zwar nom Doud vu sengem Papp, dem Jean-Pierre Namur, bis datt säi Bouf, de Léon Namur, d'Offizin iwwerhuele konnt. Dem Namur säin eelste Fils, de Joseph Charles Namur, war och Apdikter, an zwar an der Stad, wou hien zanter 1875 seng eegen Apdikt hat.
De Jos Namur war vun 1858-1881 Schoulinspekter vum Kanton Iechternach. Hie war Member am Verwaltungsrot vun der Eisebunnsgesellschaft Prënz Hari, Member vum Iechternacher Gemengerot vun 1870 bis 1875, a Member vun der historescher Sektioun vum Institut grand-ducal. 1886 huet de J. Namur eng Method fir d'Rieflaus ze bekämpfen entwéckelt a patentéiere gelooss. Hien hat selwer Wéngerten déi Säit der Sauer, an der Mënnerlei, tëscht Iechternacherbréck a Mënnen.
De Jos Namur huet eng ganz Rei vu wëssenschaftlechen, awer och vun anere Publikatioune verfaasst.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.