![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/e/e6/Jean-Pierre_Koenig_1870-1919.jpg/640px-Jean-Pierre_Koenig_1870-1919.jpg&w=640&q=50)
Jean-Pierre Koenig
lëtzebuergeschen Architekt an Ingenieur / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Jean-Pierre oder Johann-Peter Koenig, gebuer den 19. Oktober 1870 zu Kietscht a gestuerwen de 14. Dezember 1919 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Architekt an Ingenieur.
Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...
Jean-Pierre Koenig | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Johann Peter Koenig |
Gebuer |
19. Oktober 1870 Kietscht |
Gestuerwen |
14. Dezember 1919 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Architekt |
![]() |
Zoumaachen
Vun him sinn d'Pläng vun ë. a. dem Gebai vun der Spuerkeess op der Metzer Plaz a vum Pôle Nord op der Bréisseler Plaz an der Stad Lëtzebuerg, vun der Léiwenger an der Schrondweiler Kierch, a vum fréiere Schrëftstellerheem vun de Jesuitten (der aktueller Handwierkerschoul) um Lampertsbierg.
Hie war ee vun de Grënnungsmembere vum Cercle artistique de Luxembourg.
1917 krut hien de Prix Grand-Duc Adolphe.
- D'fréiert Schrëftstellerheem Belle-vue, haut LAM