Secondairesschoul an der Stad Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia
De Lycée des arts et métiers, kuerz LAM, ass déi fréier Handwierkerschoul, déi am Joer 1896 gegrënnt gouf. Et ass den eelsten ëffentleche Lycée vu Lëtzebuerg.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Lycée des arts et métiers um Lampertsbierg (2022) | |
Handwierkerschoul (LAM) | |
---|---|
Typ | Secondairesschoul, ëffentlech Schoul |
Regimm | General, Classique, Professionnel |
Land | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lampertsbierg |
Adress | 19, Rue Guillaume Schneider |
Leedung | Fabrice Roth |
Schülerzuel | 1.502 |
September 2022 | |
Ënnersteet der/dem | Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend |
Gegrënnt | 14. Mäerz 1896 |
Architekt | Sosthène Weis |
Um Spaweck | https://www.ltam.lu/ |
Duerch d'Gesetz vum 14. Mäerz 1896 gouf d'École d'artisans an d'Liewe geruff[1]. D'Gesetz vum 30. September 1909 huet festgeluecht e Gebai fir dës Schoul an der Stad Lëtzebuerg ze bauen[2].
Dat huet sech als net néideg erwisen, well 1910 hunn d'Jesuittepateren hiert Schrëftstellerheem Bellevue um Lampertsbierg opginn an et dem Lëtzebuerger Staat verkaaft, deen dodran d'Handwierkerschoul amenagéiert huet. Ë. a. goufe bis 1911 Atelieren no de Pläng vum Staatsarchitekt Sosthène Weis bäigebaut. E Projet vun 1939 fir de Lycée auszebauen an dernieft en Internat ze bauen, ass ni realiséiert ginn.
Wärend der däitscher Besatzung, vun 1941 bis 1944, plënneren d'Cours techniques supérieurs op Esch, d'Schoul heescht elo “Staatliche Ingenieurschule Esch-Alzig” a gëtt vun engem gewësse Feilinger geleet.
No de Pläng vum Paul Dornsreiffer gouf vun 1948 bis 1953 am Kiischtewee en neie Fligel gebaut, dee bis 1958 vun der CFL-Direktioun benotzt gouf.
Tëscht 1968 an 1971 gouf d'Schoul vergréissert an déi al Ateliere goufen ersat. 1979 gouf aus der École des arts et métiers en technesche Lycée an heescht vun do un « Lycée technique des arts et métiers »[3].
1990 gouf déi fréier Kapell am Gebai an e Sall fir d'Proffen ëmgebaut. Parallel zum Gebai am Kiischtewee gouf 1993 ugefaangen nach e Fligel opzeriichten. Wärend deenen Aarbechte sinn eng Partie Klasse bei den Institut supérieur de technologie op de Kierchbierg verluecht ginn. Dat neit Gebai ass 1999 ageweit ginn.
Den 9. Juli 2015 huet d'Chamber e Gesetz gestëmmt, mat deem de fréieren Uelzecht-Lycée zu Dummeldeng an de Lycée technique des arts et métiers integréiert gouf, an zanterhier « Lycée des arts et métiers » heescht[4][5].
Zanter September 2018 huet de Lycée nach provisoresch en drëtte Site, am Gebai vun der fréierer Primärschoul an der Jofferegässel an der Stad[6][7].
Den 9. November 2017 gouf d'Gebai op den Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter agedroen[8].
vu(n) | bis | Direkter |
---|---|---|
1897 | 1934 | Antoine Hirsch |
1935 | 1949 | Charles Roger |
1949[9]
1956 |
1963 | Joseph Bisdorff |
1963 | 1989 | Camille Lebeau |
1989 | 2009 | Norbert Jacobs |
2009 | 2018 | Véronique Schaber |
2018 | Fabrice Roth |
Schüleraktivitéiten hunn eng gewëssen Traditioun am LAM. All Schüler ka sech e Projet ausdenken an en der Direktioun virstellen. Och gëtt et Projeten, déi zwar vum LAM offiziell unerkannt sinn, déi awer vu Schüler gefouert ginn.
D'Schüler vum LAM sinn och zanter 2008 am Lampertsbierger Schülerorchester aktiv.
Ee Beispill vu villen ass d'Manifestatioun "Schoul emol anescht" (vun de Schüler einfach "Schoulfest" genannt), déi reegelméisseg all Joer an der Mëtt vum 3. Trimester ass. Hei hu Schüler d'Méiglechkeet, sougenannten Ateliere virzestellen a virzebereeden. Beispiller vu reegelméissegen Ateliere sinn: Mountain-Bike mat vun der Schoul bezueltem Transport an de Bambësch, Miss/Mister LAM, Kachen a Magic.
De Service de psychologique et d'orientation scolaire (SPOS) verwalt all Joer eng Lëscht mat Schüler, déi entweeder gratis oder géint Bezuelen anere Schüler Nohëllef ginn. Dobäi ginn déi Schüler och vum SPOS aktiv ënnerstëtzt, andeems se déi richteg Aart a Weis vum Léiere bäibruecht kréien. Natierlech gëtt och dem Schüler säin Duerchschnëtt an deem Fach gekuckt, an deem e wëll Nohëllef ginn. Sou ka séchergestallt ginn, datt all Schüler op der Lëscht och eppes vu sengem Fach versteet.
Déi Iddi war och fir den Internet ëmgesat ginn. Sou hat den LAM och en offizielle Forum fir Aufgabenhëllef, wou all Schüler aus dem LAM sech konnt umellen. Och hei gouf den Inhalt vu Professeren, awer och vun anere Schüler kontrolléiert. Dee Projet war vum Schüler Mike Ferreira Esteves am Februar 2005 op d'Bee gesat ginn; gouf awer 2007 erëm ofgeschaaft.
Commons: Lycée des arts et métiers – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.