Jesuitten
From Wikipedia, the free encyclopedia
Als Jesuitten ginn d'Membre vun der kathoulescher Uerdensgemeinschaft Gesellschaft Jesu (Societas Jesu, SJ ofgekierzt) bezeechent, déi op Léiffrawëschdag, de 15. August 1534 vum Ignatius vu Loyola zesumme mat e puer Frënn, wéi de Franz Xaver an de Pierre Faber, gegrënnt gouf. Nieft den dräi gewéinlechen Uerdensgelübder – Aarmut, Keuschheet a Follegen – verflichte sech d'Jesuitten duerch e véiert Verspriechen zu engem besonnesche Gehorsam vis-à-vis vum Poopst. Den Uerde gouf 1773 op Drock vun den opgekläert-absolutistesche Milieue vum Poopst selwer opgehuewen, 1814 awer erëm zougelooss.