Georg-August-Universität Göttingen
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Georg-August-Universitéit zu Göttingen gouf 1732/1734 vum Georg II. gegrënnt an offiziell am Joer 1737 opgemaach. D'Universitéit hat sech séier entwéckelt an huet déi Zäit mat ronn 1.000 Studente zu de gréissten an Europa gehéiert. Si ass déi eelst Universitéit a Niddersachsen déi nach existéiert, a mat ronn 25.377 Studenten och déi gréisst (Stand 2012 inklusiv Medezin).
Georg-August-Universität Göttingen | |
---|---|
Typ | staatlech Universitéit |
Land | Däitschland |
Schülerzuel | 31.619 |
Oktober 2018 | |
Gegrënnt | 1734 |
Um Spaweck | https://www.uni-goettingen.de/en/1.html |
Zanter dem 1. Januar 2003 ass d'Universitéit, als eng vun den éischten an der Bundesrepublik Däitschland, an der Dréierschaft vun enger ëffentlech-rechtlecher Stëftung; si ass zanterhier eng Stëftungsuniversitéit. Presidentin vun der Universitéit ass zanter 2011 d'Biochemikerin Ulrike Beisiegel. Zanter dem 19. Oktober 2007 gëtt am Kader vun der Exzellenzinitiative d'Zukunftskonzept vun der Georgia Augusta gefërdert. No den World University Rankings 2010/2011 vun der Times Higher Education ass d'Georg-August-Universitéit weltwäit op Plaz 43 an domat déi bescht däitsch Universitéit.
D'Niedersächsische Staats- und Universitätsbibliothek Göttingen ass mat ronn 4,5 Millioune Bänn eng vun de gréisste Bibliotheke an Däitschland.