lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Gemeng Hesper ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Lëtzebuerg. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Hesper vun där se och hiren Numm huet.
Gemeng Hesper | |
---|---|
d'Märei zu Hesper | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Hesperange de: Hesperingen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Kanton Lëtzebuerg |
Chef-lieu | Hesper |
Buergermeeschter | Marc Lies (CSV) |
Awunner | 16.836 |
1. Januar 2024 | |
Fläch | 2.722 ha |
Héicht | 255 m |
Koordinaten |
49° 34’ 15’’ N 06° 09’ 05’’ O |
LAU-Code | LU0303 |
Websäit | http://www.hesperange.lu/ |
Zu der Gemeng Hesper gehéieren nach follgend Häff a Lieu-diten:
D'Gemeng Hesper gouf 1795 ënner dem franséische Regime ageriicht an huet deemools aus de Sektiounen Hesper an Izeg bestanen. Den 2. Januar 1853 hu sech dunn d'Gemengen Alzeng an Hesper zesummegedoe fir déi haiteg Gemeng ze bilden. Tëscht 1795 an 1802 war Hesper Chef-lieu vun engem Kanton[2] mat Friddensgeriicht, an tëscht 1818 an 1831 nach eng Kéier ënner dem Wëllem I.
An der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert huet d'Gemeng, sou wéi vill anerer e wirtschaftlechen an industriellen Opschwong gehat, a war eng Zäit laang un zwou Eisebunnsstrecken ugeschloss, an zwar vun 1822 bis 1955 un d'Sekundärstreck Lëtzebuerg-Réimech mat Garen zu Hesper an zu Alzeng, an un d'Streck Lëtzebuerg-Beetebuerg mat enger Gare zu Fenteng déi vun 1859 bis 1877 a Betrib war.
De 16. September 1992 gouf um Terrain vum fréieren Urbéngs-Schlass dat neit Gemengenhaus mat engem Areal vun 13 ha Gréngflächen ageweit.
Quell:STATEC
Beschreiwung am Originaltext: Fascé d'or et d'Azur de six pièces à la bande de gueules brochante, accompagnée en chef d'une tour crénelée d'argent, maçonnée de sable, et en pointe d'une fleur de lis aussi d'argent. |
De Gemengerot vun Hesper gëtt nom Proporzsystem gewielt. E setzt sech zanter 2005 aus 15 Conseilleren zesummen, an zanter 2023 aus 17.
No de Gemengewalen 2023 hat d'CSV hir 8 Sëtz zwar behalen, hat awer keng absolut Majoritéit méi, well d'Zuel vun de Conseillere vu 15 op 17 eropgesat gouf. Et koum dunn zu enger CSV-DP-Koalitioun[3].
D'Majoritéitskoalitioun am Gemengerot ass fett geschriwwen
Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Commons: Hesper – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.