Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Gare vun Hollerech ass eng Gare op der CFL-Linn 7 tëscht der Gare Lëtzebuerg an der Gare Leideleng vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit an der rue de la Déportation déi hautesdaags zu Gaasperech gehéiert (fréier Gemeng Hollerech).
Vue op d'Gleiser an der Hollerecher Gare | |
Typ | Gare |
---|---|
opgaang | 1900 |
Lag vun der Statioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Gaasperech |
Koordinaten | 49°35'44"N, 6°7'12"O |
Héicht i. M. | 286 m |
Reseau | |
Bedreiwer | CFL |
Linn(en) | CFL-Linn 7 |
Gleiser mat Quai | 2 |
Quaikanten | 2 |
Nopeschstatioun(en) |
Gare Lëtzebuerg, Gare Bartreng-Stroossen, Gare Leideleng |
Websäit | https://www.cfl.lu/fr-FR/network/station/Gare-de-Hollerich |
D'Linn 7 féiert vu Lëtzebuerg bis op Péiteng vu wou et op der Linn 6 weider geet bis op Rodange a weider op d'belsch Grenz. Vu Rodange aus gëtt et Verbindungen op Attem, Virton a Lonkech.
2023 gouf Pläng virgestallt, bis 2033 d'Gare weider no Westen ze verréckelen, d'Quaie méi laang ze maachen an och d'Bréck iwwer d'Escher Strooss méi breet ze maachen, dass do d'Tramsgleiser an eng Halt fir eng nei Linn hikomme kéinten.[1]
An der Gare vun Hollerech ass den Deportatiounsmemorial an de Centre de documentation et de recherche sur l'enrôlement forcé ënnerbruecht.
Si gouf 1987 op d'Lëscht vun de klasséierten nationale Monumenter opgeholl.[2]
Aus Richtung | Halt virdrun | Zuch | Nächst Halt | A Richtung | ||
---|---|---|---|---|---|---|
Lëtzebuerg | Lëtzebuerg | RB CFL-Linn 70 |
Leideleng | Attem | ||
Lëtzebuerg | Lëtzebuerg | RE CFL-Linn 70 |
Dippech-Recken | Rodange oder Lonkech |
Am Juni 2023 goufe Pläng virgestallt, d'Gare z'erneieren: Se soll westlech vun der aktueller ze leie kommen, d'Quaie sollen erneiert ginn an op d'mannst 250 Meter laang ginn, woubäi och en neie mëttelsse Quai bäikéim. Zousätzlech ginn déi zwou Brécken iwwer d'Escher Strooss duerch eng Ënnerféierung ersat, woubäi den Duerchgang op 38 Meter méi breet gemaach gëtt, sou dass do nieft dem Stroosseverkéier och zwéin Tramsgleiser Plaz fanne kënnen, zesumme mat enger Halt, vun enger neier zukünfteger Linn tëscht dem Stadion an der Uewerstad. D'Aarbechte solle bis 2033 goen. Wa se bis fäerdeg sinn, sollen do och Zich vun der Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Klengbetten Grenz kënnen halen.[1]
Commons: Gare Hollerech – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.