Eisebunnsstreck Péiteng-Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Eisebunnsstreck Péiteng - Lëtzebuerg gouf vun der Société des Chemins de fer Prince-Henri, kuerz PH oder de Prënz genannt, als eegleiseg Streck gebaut. Si ass 20,390 Kilometer laang a leeft haaptsächlech op de Gemengegrenzen. Deemools wollt keng Gemeng den Damp an de Stëbs an hiren Uertschaften. Zanter Dezember 2012 ass se zweegleiseg.
Linnennummer | 7 |
---|---|
Besëtzer | Lëtzebuerg |
Bedreiwer | CFL |
iwwer | Gare Hollerech, Gare Leideleng, Gare Dippech-Reckeng, Gare Schuller, Gare Nidderkäerjeng-Suessem |
Technesch Donnéeën | |
Längt | 20,40 km |
Gréisst Steigung | 14 ‰ |
Spuerbreet | Normalspuer |
Streckentyp | duebelgleiseg |
Stroumsystem | 25kV Wiesselstroum |
D'Trass fir d'Eisebunnsstreck Péiteng-Lëtzebuerg gëtt vun der Administration des chemins de fer verdeelt. D'CFL bedreift a geréiert d'Infrastruktur vun der Streck, déi am Besëtz vum Lëtzebuerger Staat ass.
D'Eisebunnsstreck Péiteng-Lëtzebuerg gëtt vun der Eisebunnsverwaltung als Linn 7 bezeechent. Bis Enn 2024 war s'am kommerzielle Passagéierverkéier vun der CFL als Linn 70 bekannt. Iwwer d'Streck fiert follgend d'CFL-Linn(Stand: Januar 2025):
Commons: Eisebunnsstreck Péiteng-Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.