From Wikipedia, the free encyclopedia
De GALEX (Galaxy Evolution Explorer oder Explorer 83) ass e Weltraumteleskop (Satellit) vun der NASA fir d'Observatioun vu Galaxien am ultraviolette Beräich vum elektromagnéitesche Spektrum. De GALEX gouf den 28. Abrëll 2003 mat enger Pegasus-Rakéit an en Äerdorbit an zirka 695 km Héicht mat enger Bunnschréi vun 29° bruecht.
GALEX | |
---|---|
Typ | Weltraumteleskop |
Land | USA |
Agentur | NASA |
COSPAR-Bezeechnung | 2003-017A |
Apogeum | 697 km |
Perigeum | 691 km |
Bunnschréi | 29,0° |
Mass | 280 kg |
Bunn-Ëmlafzäit | 98,6 min |
Exzentrizitéit | - |
Start | 28. Abrëll 2003 12:00 UTC |
Startplaz | Mayport Drop Zone bei 29° N, 78,5° W |
Drorakéit | Pegasus XL, ofgeworf vun enger L-1011 |
Status | a Betrib |
Den Haaptspigel vum GALEX huet zirka 50 Zentimeter Duerchmiesser. D'Siichtfeld ass mat iwwer 1° opfälleg grouss, dofir huet misse bei der Produktioun vum Spigel ganz genee op d'Form opgepasst ginn. En Detekter vum Teleskop observéiert am Wellelängteberäich vun 135 bis 175 nm, deen aneren am Beräich vun 175 bis 280 nm.
Déi ufanks geplangt Missiounsdauer vun 29 Méint konnt iwwerschratt ginn. 2006 hat d'NASA Senior Review Panel virgeschloen, d'Missioun ze verlängeren. 2005 bis 2007 souwéi 2009 koum et duerch Kuerzschlëss zu Ausfäll vum Detekter, deen de wäiten Ultraviolettberäich observéiert. Vum Joer 2009 konnt de Schued net méi, wéi an der Vergaangenheet, gefléckt ginn, soudatt nëmmen nach mat engem Detekter weidergeschafft konnt ginn.
2007 gouf mat Hëllef vum Detekter, deen duerno ausgefall ass, en 13 Liichtjoer laange Schwäif hanner dem Stär Mira entdeckt.
De 7. Februar 2012 gouf de GALEX op Stand-By-Modus geschalt, fir 2012 komplett ofgeschalt ze ginn[1],[2]. Et sinn zwar nach den 11. Februar 2012 Verhandlunge gelaf, ob d'NASA de Galaxy Evolution Explorer dem Caltech iwwerschreiwe soll, deen de Satellit weider bedreiwe wëll. Dat wier iwwer de Stevenson-Wydler Technology Innovation Act méiglech, gouf awer bei Raumfluchkierpern am Weltraum nach net gemaach[3].
Nodeem d'NASA d'GALEX de 14. Mee 2012 un de Caltech verlount hat, fir vun dësem nach weider dräi Joer benotzt ze ginn, gëtt GALEX dat Joer net ofgeschalt. De Caltech wëll an dräi Joer mat GALEX d'Kartéierung vum UV-Himmel ofschléissen. De Caltech dréit mat aneren Instituten d'Betribskäschte vun 100.000 USD am Mount. Déi fale bei Orbital Sciences un, déi de Satellit gebaut huet a bedreift. D'NASA bleift awer Besëtzer vum GALEX, deen nach 12 Joer schaffe kéint[4].
Commons: GALEX – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.