Eurovision Song Contest 1969
From Wikipedia, the free encyclopedia
De 14. Eurovision Song Contest (offiziell de Gran Premio de la Canción de Eurovision) war den 29. Mäerz 1969 a Spuenien. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer am Teatro Real zu Madrid. Presantatrice war d'Laurita Valenzuela.
14. Eurovision Song Contest | |
---|---|
Datum | 29. Mäerz 1969 |
Stad | Madrid (Spuenien) |
Gebai | Teatro Real |
Gewënner | Spuenien, Holland, Frankräich, Groussbritannien |
Zuel vu Länner | 16 |
Nei Participatiounen | Keng |
Moderatioun | Laurita Valenzuela |
Interval Act | La España Diferente – a Bild an Ton |
Ofstëmmungsreegel | A jiddwer Land souzen zéng Jurymemberen. Jiddwer Member huet mat engem Punkt fir een Titel ofgestëmmt. |
D'Zuel vun de Länner ass op 16 erofgaangen, well Éisträich aus politeschen Ursaachen (Franco-Regime) net matgemaach huet .
Verschidde Sänger ware scho virdru mol eng Kéier dobäi, de Louis Neefs fir d'Belsch 1967, d'Siw Malmkvist deemools fir Schweden 1960, de Romuald deemools fir Monaco 1964, d'Simone de Oliveira fir Portugal 1965 an d'Kirsti Sparboe fir Norwegen souguer zweemol, 1965 a 1967.
D'Reegel fir d'Ofstëmmung war d'selwecht wéi dat Joer virdrun: An all Land souzen 10 Jurysmemberen, déi jiddwereen eng Stëmm ze verginn haten. D'Jury konnt sou am Ganze maximal 10 Punkte vergi fir dat bescht Lidd. D'Resultater goufen telefonesch an ëffentlech op Madrid iwwermëttelt.
Op der éischter Plaz koume mat 18 Punkte gläichop d'Vertrieder vu 4 Länner, d'Salomé fir Spuenien, d'Lulu fir Groussbritannien, d'Lenny Kuhr fir Holland an d'Frida Boccara fir Frankräich. Dat war méiglech well fir sou eng Situatioun keng aner Léisung am Reglement virgesi war. Et sinn doduerch vill Kriticke ginn an d'Zuel vun de Länner déi matgemaach hunn ass doduerch dat Joer drop op 12 erofgaangen.
Déi véier Gewënnerlänner haten alleguer scho virdrun de Grand Prix gewonnen, fir Frankräich war et déi véiert Kéier, fir Holland déi drëtt Kéier a fir Groussbritannien a fir Spuenien déi zweet Kéier.