De 5. Eurovision Song Contest (offiziell den Eurovision Song Contest Grand Prix), war den 29. Mäerz 1960 a Groussbritannien. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer am Royal Festival Hall zu London. Presantatrice war d'Katie Boyle. D'Eurovision ass zu London organiséiert ginn, obwuel am Fong Holland un der Rei gewiescht wier well et dat Joer virdru gewonnen hat. Well d'Hollänner awer net sou kuerz hannerenee wollten d'Organisatioun iwwerhuelen, ass decidéiert ginn de Grand Prix zu London ofzehalen.

Méi Informatiounen 5. Eurovision Song Contest ...
5. Eurovision Song Contest
Datum 29. Mäerz 1960
Stad London (Groussbritannien)
Gebai Royal Festival Hall
Gewënner Jacqueline Boyer (Frankräich)
Zuel vu Länner 13
Nei Participatiounen Norwegen
Moderatioun Katie Boyle
Interval Act Eric Robinson Orchester
Ofstëmmungsreegel A jiddwer Land souzen zéng Jurymemberen. Jiddwer Member huet mat engem Punkt fir een Titel ofgestëmmt.
Zoumaachen
Thumb
Royal Festival Hall, London

Eng nei Natioun, Norwegen, war derbäikomm. Lëtzebuerg hat dat Joer och nees matgemaach, nodeem et dat Joer virdrun eng Paus ageluecht hat. D'Zuel vun de Länner ass dofir op 13 eropgaangen.

Et gouf ofgestëmmt wéi déi Jore virdrun: An all Land souzen 10 Jurysmemberen, déi jeeweils eng Stëmm ze verginn haten. D'Resultater goufen telefonesch an ëffentlech op Cannes iwwermëttelt.

Déi éischt Plaz krut d'Vertriederin vu Frankräich, d'Jacqueline Boyer mat 7 Punkte Virsprong virum Bryan Johnson (Groussbritannien). Déi drëtt Plaz krut de François Deguelt, dee fir Monaco ugetruede war.

Klassement

Méi Informatiounen Plaz, Land ...
PlazLandInterpretTitelPunkten
1.FrankräichJacqueline BoyerTom Pillibi32
2.GroussbritannienBryan JohnsonLooking High, High, High25
3.MonacoFrançois DegueltCe soir-là15
4.NorwegenNora BrockstedtVoi voi11
4.DäitschlandWyn HoopBonne nuit, ma chérie11
6.BelschFud LeclercMon amour pour toi9
7.ÉisträichHarry WinterDu hast mich so fasziniert6
8.SchwäizAnita TraversiCielo e terra5
8.ItalienRenato RascelRomantica5
10.SchwedenSiw MalmkvistAlla andra får varann4
10.DänemarkKaty BødtgerDet var en yndig tid4
12.HollandRudi CarrellWat een geluk2
13.LëtzebuergCamillo FelgenSou laang wéi s du do bass1
Zoumaachen

Um Spaweck

Méi Informatiounen Cannes (Frankräich) ...
Cannes (Frankräich) Thumb Cannes (Frankräich)
ESC 1959 Eurovision Song Contest ESC 1961
Zoumaachen

Wikiwand in your browser!

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.

Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.