D'Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei[1] (kuerz: CSV) ass eng Lëtzebuerger politesch Partei.

CSV ass eng Weiderleedung op dës Säit. Fir aner Bedeitunge vun deem Numm, kuckt wgl. ënner CSV (Homonymie)
Séier Fakten Ofkierzung, President ...
Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei
Ofkierzung CSV
President Luc Frieden
Vizepresidentinnen Martine Hansen
Christian Weis
Generalsekretär Alex Donnersbach
Françoise Kemp
Tresorier Thierry Schuman
Gegrënnt Dezember 1944 (modern)
16. Januar 1914 (historesch)
Parteizentral 4, Waassergaass
L-1449 Lëtzebuerg
Jugendorganisatioun Chrëschtlech-Sozial Jugend
Fraenorganisatioun Chrëschtlech-Sozial Fraen
Ideologie Chrëschtlech Demokratie
Konservatismus
Politesch Positioun Mëtt-riets
Europäesch Affiliatioun EVP
International Affiliatioun Chrëschtlech Demokratesch International
Europäesch Parlamentsgrupp EVP
Faarf Orange
Slogan Kloer, no & gerecht
Chamber
21/60 Sëtz
Europaparlament
2/6 Sëtz
Websäit https://csv.lu/
Zoumaachen

Geschicht

Am Dezember 1944, no der Liberatioun vu Lëtzebuerg, huet sech déi fréier konservativ Rietspartei nei constituéiert an a Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei (CSV) ëmbenannt. Dofir gëllt dacks als hire Grënnungsdatum dee vun der Rietspartei: de 16. Januar 1914.[2],[3] Bei de Chamberwale vum 21. Oktober 1945 krut d'CSV 25 vun 51 Sëtz.

Bis 1974 war d'CSV an engem Stéck, a Koalitioun meeschtens mat der DP, mä och alt mat der LSAP, an der Regierung. 1974 bis 1979 war se eng éischt Kéier an der Oppositioun. Duerno war se nees 34 Joer den Haapt-Koalitiounspartner an de sukzessive Regierunge mat haaptsächlech der LSAP, 1979-1984 an 1999-2004 och der DP, als Partner. No de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 koum et fir d'zweet nom Zweete Weltkrich zu enger Koalitioun ouni d'CSV. Eréischt bei de Wale vum 8. Oktober 2023 huet d'Resultat nees eng Regierung ervirbruecht, an där d'CSV (Haapt)koalitiounspartner war.

Parteipresidenten

  1. Émile Reuter (1945 - 1964)
  2. Tony Biever (1964 - 1965)
  3. Jean Dupong (1965 - 1972)
  4. Nicolas Mosar (1972 - 1974)
  5. Jacques Santer (1974 - 1982)
  6. Jean Spautz (1982 - 1990)
  7. Jean-Claude Juncker (1990 - 1995)
  8. Erna Hennicot-Schoepges (1995 - 2003)
  9. François Biltgen (2003 - 2009)
  10. Michel Wolter (2009 - 2014)
  11. Marc Spautz (2014 - 2019)
  12. Frank Engel (2019 - 2021)
  13. Claude Wiseler (2021 - 2022)
  14. Claude Wiseler (2022 - 2023[4]) Elisabeth Margue (2022 - 2024)
  15. Luc Frieden (zanter 2024[5])

Generalsekretären

Presidente vun der CSV-Chamberfraktioun

Sëtz an der Chamber

Méi Informatiounen Sëtz vun der CSV an der Chamber1945-2023, Joer ...
Sëtz vun der CSV an der Chamber
1945-2023
JoerSëtzvun am Ganzen
19452551
...
19542652
19592152
19642256
19682156
19741859
19792459
19842564
19892260
19942160
19991960
20042460
20092660
20132360
20182160
20232160
Zoumaachen

Sëtz am Europaparlament

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
Méi Informatiounen Sëtz vun der CSV am Europaparlamentzanter 1979, Joer ...
Sëtz vun der CSV am Europaparlament
zanter 1979
JoerSëtzvun am Ganzen
197936
......6
202426
Zoumaachen

Memberen

Eegenen Aussoen no huet d'CSV 10.303 Memberen (Stand 30/09/2014), dovu sinn 3.653 Fraen (35,5 %) a 6.650 Männer (64,5 %). 9 % vun de Membere hu bis 33 Joer, 54,5% sinn tëscht 33 a 65 Joer al, a 36,5 % hunn iwwer 65 Joer.[6]

00De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

Literatur

  • Schaus, Émile, 1974. Ursprung und Leistung einer Partei: Rechtspartei und Christlich-Soziale Volkspartei 1914-1974. Luxemburg: Imprimerie Saint-Paul.
  • Trausch, Gilbert, ed. 2008. CSV: Spiegelbild eines Landes und seiner Politik? Geschichte der Christlich-Sozialen Volkspartei Luxemburgs im 20. Jahrhundert. Luxembourg: Imprimerie Saint-Paul.
  • Luxemburger Wort vum 16. Januar 2014, S. 2-4: Von der Widerstands- zur Volkspartei (Heute vor 100 Jahren wurde die Vorläuferpartei der CSV gegründet)

Kuckt och

Lëscht vun de lëtzebuergesche RegierungsmemberenTransportministerenJustizministerenKommunikatiounsministerenChamberpresidentenDeputéiert an der ChamberDeputéiert am EuropaparlementLëtzebuergesch Membere vun der Europäescher KommissiounBuergermeeschterenADRCSVDéi GréngDéi LénkDPKPLLSAPPIDPiratepartei

Um Spaweck

Commons: Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Quell: Radio 100,7, Noriichten um 8 Auer vum 16.01.2014.
  2. Cf. Div. Auteuren, 1974. 60 Jahre CSV am 14. Januar 1974: Rückblenden und Berichte zum Jubiläum der CSV wie sie im "Luxemburger Wort" veröffentlicht wurden. Texter: Emile Burggraff, Emile Schaus, Gilbert Trausch. Luxemburg: [CSV], 1974, Luxemburg, impr. Saint-Paul. 45 p.
  3. huet de 27.11.23 als Co-President demissionéiert, well d'Plaz net mat där vu Chamberpresident kompatibel ass (Quell: RTL.lu)
  4. "CSV: Partei gesäit sech als gréisst Biergerinitiativ am Land." rtl.lu, leschten Update: 09.10.2014, 12:55:32.

Wikiwand in your browser!

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.

Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.