From Wikipedia, the free encyclopedia
Déi Chrëschtlech-Sozial Jugend, d'CSJ, ass eng autonom Ënnerorganisatioun vun der Chrëschtlech Sozialer Vollekspartei déi 1953 gegrënnt gouf[1][2]. Se huet en eegenen Organisatiounsstatut.
Logo | Adress |
---|---|
2, Waassergaass L-1449 Luxembourg | |
Basisdonnéeën | |
Grënnungsdatum: | 1953 |
President: | Metty Steinmetz |
1. Vizepresident: | Marie Laure Goeres |
2. Vizepresident: | Sarah Moreira |
Generalsekretär: | Laurent Braun |
Tresorier: | |
Internationale Sekretär: | |
Websäit: | www.csj.lu |
D'Zil vun der CSJ ass d'politescht Engagement fir de Respekt vun der Dignitéit vum Mënsch a fir eng gerecht a solidaresch, demokratesch an tolerant, verantwortungsvoll a leeschtungsfäeg Gesellschaft wéi se vun de chrëschtlech-sozialen Idealen empfuele gëtt (an déi an der Charta vun der Grondprinzipie vun der CSJ geschriwwe stinn). Se refuséiert a bekämpft all System oder Regime, deen d'Rechter a Fräiheete vum Mënsch mëssuecht a blesséiert[3].
Déi héchst Organisatiounsinstanz ass den Nationalkongress. Do drënner gëtt et den Nationalcomité, den Exekutivbureau vum Nationalcomité an d'Kontrollkommissioun[4]
D'CSJ huet no eegenen Zuelen eng 1.000 Memberen.
President | Generalsekretär | |
---|---|---|
??? | ||
... - 2004 | Charel Schmit[1] | |
2002 - 2004 | Laurent Zeimet[5] | Gilles Bley |
2004 - 2006 | Gilles Bley[6] | Mia Petitjean-Aouadi |
2006 - 2008 | Gilles Bley[7] | Serge Wilmes |
2008 - 2014 | Serge Wilmes | Georges Weber |
2014 - 2016 | Charel Hurt[2] | Fréd Ternes |
2016 - 2018 | Elisabeth Margue[8] | Yannick Glod |
2018 - 2024 | Alex Donnersbach[9] | Basile Dell |
2024 - | Metty Steinmetz [10] | Laurent Braun |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.