D'Communauté européenne du charbon et de l'acier, kuerz: als CECA, Schumanplang oder Montanunioun bezeechent, ass déi éischt europäesch Communautéit.

Thumb
CECA-Traité.
Thumb
Eck vum Spuerkeessgebai op der Metzer Plaz mat (riets) der Plack als Erënnerung un d'CECA-Sëtzungen.
Thumb
Detail vun der Plack.
Thumb
Commemoratiounsplack fir d'siwwenzeg Joer (1952-2022) vun der CECA an der Stater Märei.

Si gouf den 18. Abrëll 1951 zu Paräis vun Däitschland, Frankräich, Italien, Holland, der Belsch a Lëtzebuerg gegrënnt.

Si geet zeréck op d'Iddi vum Jean Monnet a Robert Schuman, déi doduerch de Fridden an Europa séchere wollten, andeems datt Frankräich, Däitschland, an aner Länner déi wollten, hir Produktioun vu Kuel a Stol sollten zesummeleeën (kuckt dozou: Schuman-Deklaratioun).

D'Héich Autoritéit, d'Exekutivorgan vun der CECA, hat hire Sëtz zu Lëtzebuerg, op der Metzer Plaz. Do huet se – no enger Aweiungsseance an der Stater Märei[1] – den 10. August 1952 mat hir Aarbecht ugefaangen.

Opgrond vum CECA-Traité ass de gemeinsame Stolmaart den 1. Mee 1953 opgaangen an den Éischten Europäesche Stol gouf dunn zu Esch-Uelzecht gegoss.

1957 gouf d'CECA, zesumme mat der Europäescher Wirtschaftsgemeinschaft (EWG) an der Europäescher Atomgemeinschaft (EAG, haut Euratom), zu den Europäesche Communautéiten zesummegefaasst, déi méi spéit, mam Traité iwwer d'Europäesch Unioun (och bekannt als Vertrag vu Maastricht), an d'Europäesch Unioun iwwergoungen.

Zu Diddeleng ass eng Strooss (Rue Ceca) an zu Esch-Uelzecht eng Cité no der CECA (Cité C.E.C.A.) genannt.

Institutioune vun der CECA

Opgrond vum CECA-Vertrag goufe follgend Institutioune geschaf:

  • Eng Héich Autoritéit (Haute autorité), Exekutivorgan vun der CECA, assistéiert vun engem Comité consultatif;
  • E Ministerrot,
  • eng Europäesch consultativ Versammlung an
  • en Europäesche Geriichtshaff.

Wéi d'Europäesch Verträg fusionéiert goufen, huet d'Europäesch Kommissioun d'Aufgabe vun der Haute autorité iwwerholl. Aus der Europäescher consultativer Versammlung, déi méi spéit Assemblée parlementaire européenne geheescht huet an deenen hir Memberen nach vun den nationale Parlamenter bestëmmt goufen, ass dat fräigewielt Europäescht Parlament ervirgaangen.

De Vertrag vun der CECA ass den 23. Juli 2002 ofgelaf an net méi erneiert ginn. Seng Funktioune goufe vum Traité iwwer d'Europäesch Unioun iwwerholl.

D'Missioun vun der Héijer Autoritéit war et, fir supranational Entscheedungen ze treffen, jee nodeem onmëttelbar, oder no Unhéierung vum Comité consultatif oder/an dem Ministerrot. A gewësse Fäll war d'Zoustëmmung vum Ministerrot néideg. D'Entscheedungsgewalt am Stol-, Kuelen- an am Äerzberäich ass domat de 6 Grënnerstaate vun der CECA entzunn an op d'Héich Autoritéit vun der CECA iwwerdroe ginn.

Déi éischt Membere vun der Haute autorité

D'Nominatioun vun de Membere vun der Héijer Autoritéit huet deemools eng hefteg Diskussioun, an déi och d'Arbed verwéckelt war, ausgeléist. Et goung ënner anerem drëm, wéi een Afloss d'Patronat an d'Gewerkschaften am zukünftegen Exekutivorgan vun der Montanunioun sollten hunn, wéi de Bäitrag Sturm im Wasserglas et beweist. Schliisslech hu sech d'Regierungen op déi follgend Kompositioun gëeenegt:

Presidente vun der Héijer Autoritéit

Méi Informatiounen Nr., Numm ...
Nr. Numm Vun Bis Heemechtsland Partei Politesch Richtung
1 Jean Monnet 10. August 1952 3. Juni 1955 Frankräich
2 René Mayer 3. Juni 1955 13. Januar 1958 Frankräich SFIO sozialistesch
3 Paul Finet 13. Januar 1958 15. September 1959 Belsch gewerkschaftsno
4 Piero Malvestiti 15. September 1959 22. Oktober 1963 Italien DC chrëschtdemokratesch
5 Dino Del Bo 22. Oktober 1963 28. Februar 1967 Italien DC chrëschtdemokratesch
6 Albert Coppé[2] 1. Mäerz 1967 30. Juni 1967 Belsch CVP chrëschtdemokratesch
Zoumaachen

De Lëtzebuerger Bäitrag bei der Kreatioun vum Schumanplang

De Verzicht op d'Ausübe vun nationale Souveränitéitsrechter am Beräich vun der Schwéierindustrie hat fir Lëtzebuerg déi gréisst Konsequenzen. Keen anert vun de sechs Grënnerlänner huet eng Industrie der Héijer Autoritéit ënnerstallt, déi zu 24 % oder méi zu sengem Bruttoinlandsprodukt (BIP) bäigedroen huet.

Eng Rei vu Lëtzebuerger a Persoune vu Lëtzebuerger Ofstamung hunn, nieft dem Robert Schuman, dem Joseph Bech an dem Albert Wehrer, vill zum Erfolleg vum Schumanplang bäigedroen. Et sinn dat:

D'Sëtzfro vun den Europäesche Communautéiten

D'Fro, wou d'Communautéiten hire Sëtz sollten hunn, huet 40 Joer bis zu enger Léisung gebraucht.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Sëtz vun den europäeschen Institutiounen.

Literatur

  • Elena Danescu, 2021. Quand l'Europe emménagait au Luxembourg. Luxemburger Wort vum 17./18. Abrëll 2021, S. 12.S.

Kuckt och

Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun.

Um Spaweck

Um Spaweck

Commons: European Coal and Steel Community – Biller, Videoen oder Audiodateien

Biller

Wikiwand in your browser!

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.

Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.