Breedewee (Stad Lëtzebuerg)
Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Breedewee, mam offiziellen Numm rue Large, ass eng Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg, déi vum Fëschmaart erof a Richtung Gronn féiert.
Séier Fakten Ënnerhal vu(n), Situatioun ...
| |
![]() | |
Ënnerhal vu(n) | Service Voirie vun der Stad Lëtzebuerg |
---|---|
Situatioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Quartier(en) | Uewerstad |
Koordinaten | 49°36'39,2"N, 6°8'3,8"O |
Morphologie | |
Längt | 175 m |
Héicht i. M. | 293 m |
Zoumaachen
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/2/25/Uewerstad%2C_L%C3%ABtzebuerg%2C_Luxembourg_-_panoramio_%2849%29.jpg/640px-Uewerstad%2C_L%C3%ABtzebuerg%2C_Luxembourg_-_panoramio_%2849%29.jpg)
D'Haiser Nummer 1, 2, 3, 5, 7, 9, 11, 13, 17, 19, 21 an 23 stinn zanter 1961, resp. 1964 op der Lëscht vum inventaire supplémentaire vun den nationale Monumenter. D'Maison de Cassal, déi an där Strooss ass, ass zanter 1940 als Nationaalt Monument klasséiert[1].
D'Haus Nr. 9 war fréier de Sëtz vum Friddensgeriicht.
De Breedewee hält beim Haus Nummer 23 op an d'Strooss ännert den Numm baussent der Spuenescher Paart a "Grënnerbierg", Montée du Grund, déi da bis an de Gronn féiert. Déi "gerued" Säit besteet just aus zwee Haiser, d'Nummeren 2 a 4.