![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/0/0e/Maison_Cassal_rue_Large_5_Luxembourg_City_2011-08.jpg/640px-Maison_Cassal_rue_Large_5_Luxembourg_City_2011-08.jpg&w=640&q=50)
Maison de Cassal
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Maison de Cassal ass en aalt Biergerhaus op Nummer 5 am Breedewee an der Stad Lëtzebuerg.
Et gouf Enn vum 16. Joerhonnert vum Schreiwer vum Provënzialrot, dem Barong P.M. de Cassal gebaut.
Nom Zweete Weltkrich gouf et vum Architekt Hubert Schumacher renovéiert.
Haut ass de Service des médias et des communications an de Film Fund Luxembourg dran ënnerbruecht.
D'Maison de Cassal ass zanter 1940 als Nationalmonument op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen.[1]