Azoren
Grupp vun Atlantikinselen / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Azoren (Portugisesch Ilhas dos Açores ("Huerinselen")) ass eng Grupp vun néng méi groussen an enger Rëtsch vu klenge portugiseschen Atlantikinselen. Se leien 1.369 km westlech vum europäesche Festland. Bis an Nordamerika (Neifundland a Labrador a Kanada) sinn et 1.930 km. D'Inselen hunn zesummen eng Fläch vu ronn 2.330 Quadratkilometer (eppes Klengs manner wéi Lëtzebuerg). São Miguel ass d'Haaptinsel.
Azoren (pt: Ilhas dos Açores) | |
---|---|
Geographie | |
Land | Portugal |
Läit an/am | Nordatlantik |
Koordinaten | 38°37'26,40000"N, 28°1'51,60000"W |
Fläch | 2.322 km² |
Héchste Punkt | Montanha do Pico () |
Verwaltung | |
Verwaltungseenheet | Portugal |
Haaptuert | Ponta Delgada (Exekutiv), Angra do Heroísmo (Judikativ), Horta (Legislativ) |
Demographie | |
Awunner | 236.440 |
Awunnerdatum | 2021 |
Aner Informatiounen | |
Zäitzon | UTC−1, UTC±0 |
Wärung | Euro |
Internat. Telefonsprefix | +351 (292) |
D'Azore sinn administrativ eng autonom Regioun vu Portugal, d'Região Autónoma dos Açores, an domat en Deel vun der Europäescher Unioun. Ronn 250.000 Leit wunnen do. Geologesch gehéiere se zum Mëttelatlantesche Réck, op der Plackegrenz tëscht der Europäescher an der Afrikanescher Kontinentalplack. Déi westlechst Insele Flores a Corvo gehéieren zu der Nordamerikanescher Plack.