![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/3/30/Place_de_l%2527Etoile_-_Luxembourg_City_-_2017-09_--001.jpg/640px-Place_de_l%2527Etoile_-_Luxembourg_City_-_2017-09_--001.jpg&w=640&q=50)
Areler Strooss (Stad Lëtzebuerg)
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Route d'Arlon oder Areler Strooss ass eng Strooss am Quartier Belair vun der Gemeng Lëtzebuerg.
Séier Fakten Numm, Längt ...
![]() | |
Numm | fr: Route d'Arlon |
---|---|
Längt | 1.77 km |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lëtzebuerg |
Quartier | Belair |
Postcode | 1140, 1150[1] |
Koordinaten |
49° 36’ 50.9’’ N 06° 08’ 09.5’’ O |
Genannt no | Arel |
![]() |
Zoumaachen
Si geet, als Verlängerung vun der Avenue Émile-Reuter, vun der Stäreplaz riicht aus a westlecher Richtung bis op d'Grenz vum Gemengenterritoire, wou s'ënnert dem selwechten Numm an der Gemeng Stroossen virugeet.
D'Nationalstrooss 6 geet an hirer ganzer Längt driwwer.
D'Strooss gouf no der Stad Arel genannt, wuer se hiféiert.