ArcelorMittal
From Wikipedia, the free encyclopedia
Arcelor Mittal ass dee weltwäit zweetgréisste Stolkonzern, deen 2006 aus der Fusioun vun der Arcelor mat der Mittal Steel Company entstanen ass.
![]() |
Dësen Artikel iwwer eng Entreprise ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
ArcelorMittal beschäftegt 210.000 Leit a 60 Länner uechtert d'Welt.[1] Jorelaang war d'Arcelor, respektiv ArcelorMittal, de gréisste Privatemployeur am Land. 2016 hat d'Entreprise 4.180 Mataarbechter a war domat no der Lëtzebuerger Post (4.320) den zweetgréisste private Patron zu Lëtzebuerg.[2]
Generaldirekter a President vum Verwaltungsrot, ass de Lakshmi Mittal, nodeem de Roland Junck dës Funktioun vun August bis November 2006 hat. De Konzern a seng zentral Verwaltung hunn hire Sëtz an der Stad Lëtzebuerg.